
Lëtzebuerg spillt den 21. Mäerz a Georgien. Géif d’FLF-Selektioun dëse Match gewannen, da spillen d’Lëtzebuerger de 26. Mäerz eng Finall am Stade de Luxembourg, géint Griicheland oder Kasachstan. De Gewënner vun dëser Finall qualifizéiert sech fir d’Europameeschterschaft an Däitschland.