FLAMNeien technesche Staff fir de Judo

RTL Lëtzebuerg
Domadder ginn d'Kontrakter vum techneschen Direkter, vum Nationaltrainer a vum Jugendnationaltrainer net verlängert.
© AFP (Archiv)

De Lëtzebuerger Judo kritt e ganz neien techneschen Staff. D'Sektioun Judo vun der FLAM huet decidéiert, d'Kontrakter vum Directeur Technique Ralf Heiler, vum Nationaltrainer Alexander Lüdecke an vum Jugendnationaltrainer Thomas Kessler, déi den 31. Dezember auslafen, net ze erneieren.

De Comité an den Trainerstaff hunn ënnerschiddlech Vuen, wat déi zukünfteg Methodologie ugeet, fir d'sportlech Ziler ze erreechen. D'Judosektioun an der Federatioun vun den Arts Martiaux léisst awer wëssen, datt ee beméit ass, eng nei, kompetent Trainerekipp opzestellen

PDF: De Communiqué vun der FLAM

Back to Top
CIM LOGO