FLFNo Annonce vu Regierung: Championnat geet éischte Weekend Februar nees un

RTL Lëtzebuerg
Wéi virgesinn ginn déi éischt Matcher an der héchster Spillklass bei den Dammen de 6. Februar gespillt, den Dag dono starten d'Männer.

Den detailléierte Kalenner fir déi iewescht Divisioun bei den Dammen an d’BGL Ligue bei den Hären, esou wéi och d’Informatiounen zu den Trainingen an de Competitiounen an den anere Spillklassen an Divisiounen, kréien d’Veräiner matgedeelt.
Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet donieft matgedeelt, datt duerch déi nei Covid-Mesurë fir de Sport, déi de Sportminister Dan Kersch annoncéiert hat, de Championnat an der Éierepromotioun an an den ënneschten Divisiounen net wéi virgesinn, de Weekend vum 6. Februar nees kann ufänken. All déi Veräiner kënnen awer ënnert de virgeschriwwene Konditioune vun e Méindeg un nees trainéieren. D’FLF muss ofwaarde bis d’Regierung Enn dës Mounts nei Decisiounen hëlt, fir dann ze kucken, wéini d’Kompetitiounen an deenen Divisiounen nees kënne lassgoen.

Wéi et am Futsal-Championnat weider geet, deelt d’Fussballfederatioun d’nächst Woch mat.

PDF: De Communiqué vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO