ATP-Tournoi Monte CarloOut fir den Novak Djokovic an den Aachtelsfinallen

RTL Lëtzebuerg
De Serbe ass iwwerraschend vum Britt Daniel Evans eliminéiert ginn.

Eng Iwwerraschung gouf et en Donneschdeg am Tennis.
D’Nummer 1 vun der Welt Novak Djokovic ass an den Aachtelsfinallen vum renomméierten ATP-Turnéier zu Monte Carlo eliminéiert ginn. An zwar vum Britt Daniel Evans. Den 33. an der Weltranglëscht konnt sech an zwee Sätz 6:4 a 7:5 géint de Serb duerchsetzen.

Och d’Nummer 6 vun der Welt den däitschen Alexander Zverev packt et net an d’Véierelsfinall. Hien huet géint de Belsch David Goffin verluer.

Back to Top
CIM LOGO