NFL - Week 17Playoffs sti fest: Titans, Ravens, Browns, Colts, Rams, Bears a Washington dobäi

RTL Lëtzebuerg
Et sollt um leschte Spilldag fir d'Cardinals, d'Dolphins, d'Cowboys an d'Giants net duergoen, fir sech nach ze qualifizéieren.
© AFP

An der AFC sinn d’Chiefs, trotz der 21:38 Néierlag géint d’Chargers als éischt gesat a sinn domadder um nächste Weekend spillfräi. D’Bills empfänken als Zweet déi lescht Ekipp, déi an d’Playoffs koum, datt sinn d’Colts. Den Drëtten, d’Pittsburgh Steelers, kréien d’Browns op Besuch an d’Titans empfänken d’Ravens.

An der NFC hu sech d’Packers den Top Spot geséchert a sinn domadder spillfräi. D’Saints spillen doheem géint d’Bears, d’Seahawks kréien et mat de Rams ze dinn an d’Buccaneers reesen op Washington.

Spannung um leschte Spilldag

An der NFC East haten nach direkt dräi Ekippen eng Chance, fir sech fir d’Playoffs ze qualifizéieren. Dat waren d’Cowboys an d’Giants, déi direkt géintenee gespillt hunn. De Gewënner vun dësem Match hat d’Chance, bei enger Néierlag oder engem Gläichspill vu Washington, fir d’Playoffs sécher ze hunn. An engem hektesche Match, bei vill Reen, haten d’Giants de bessere Start mat direkt engem Touchdown. Si konnten hiren Avantage am Laf vun der éischter Hallschent ausbauen a si mat engem 20:9 an d’Paus gaangen. D’Cowboys haten de bessere Start an déi zweet Hallschent a koumen op 19:20 bäi. Ma am leschte Véierel ass just den Giants nach e Fieldgoal gelongen an hir Defense konnt e Ball an der Endzon offänken, esou datt si de Match mat 23:19 wannen a provisoresch an de Playoffs waren.
Washington, déi de Spéitmatch haten, waren op Philadelphia gereest a sinn direkt besser an de Match komm. Et war grad an der éischter Hallschent en hin an hier, ma d’Ekipp aus der Haaptstad goung mat 17:14 an d’Paus. Laang ass dono näischt méi geschitt, ma mat dem eenzege Punkt an der zweeter Hallschent, engem Touchdown 7:46 Minutte viru Schluss, konnte si hir Playoffsplaz sécheren. Fir e battere Bäigeschmaach suergt d’Decisioun vum Coach vun den Eagles, deen am leschte Véierel den drëtte Quarterback Sudfeld agesat huet, wéi ee just 3 Punkte Réckstand hat. De Sudfeld, deen zanter 2018 net méi um Feld stoung, gouf zwee Mol gesackt, huet ee mol de Ball verluer an eng Interception gehäit an domadder den Eagles eng Victoire bal onméiglech gemaach. Duerch déi Decisioun steet Washington an de Playoffs an d’Eagles hunn eng besser Ausgangspositioun beim Draft.

An engem aneren direkten Duell ëm d’Playoffsplazéierunge stounge sech d’Rams an d’Cardinals géintiwwer. Fir d’Ekipp aus LA keng einfach Aufgab, déi ouni hire Quarterback ugetruede sinn a mam Wolford gespillt hunn. Ma och d’Cardinals hu wéinst enger Blessur wärend dem gréissten Deel vum Match op hire Playcaller misste verzichten. D’Gäscht aus Arizona haten de bessere Start a si mat 7:0 a Féierung gaangen, den eenzegen Offensiv-Touchdown an dësem Match, louchen an der Paus awer mat 12:7 hannen. Am Ugrëff sollt hinnen ouni de Murray wéineg geléngen, esou datt de Rams ee Safety, een Defensive Touchdown an 3 Fieldgoals duergaangen ass, fir de Match ze gewannen. Duerch d’Victoire vun de Rams hu si sech selwer fir d’Playoffs qualifizéiert, ma och de Bears gehollef, déi 16:35 géint d’Packers verluer hunn, eng Ronn weider ze sinn.

D’Browns waren ënner Drock an hu misste gewannen, dat doheem géint d’Steelers, fir sécher an d’Playoffs ze kommen. Een Avantage hat d’Ekipp aus Cleveland awer, well d’Steelers hu verschiddener vun hire Spiller dëse Weekend geschount. Esou stoungen als Quarterback de Mason Rudolph an den Joshua Dobbs um Terrain. Ma och déi zum Deel zweet Garde vun de Steelers huet et de Browns net einfach gemaach. An der Paus ware si 10:6 hannen an nom zweeten Drëttel 17:9, ma mat 13 Punkten am leschte Véierel si si dunn nach eng Kéier bäikomm. Eenzeg den Touchdown vun de Browns hunn eng Steelers-Victoire verhënnert. An der AFC war et souwisou ganz enk zougaangen, well hei virun dësem Spilldag 5 Ekippen, déi all bei 10:5 stoungen, ëm 4 Plaze gekämpft hunn. Nieft de Browns konnten och d’Titans, déi sech mat der 41:38 Victoire géint d’Texans esouguer nach den Titel vum AFC South Champion geséchert hunn, d’Ravens an d’Colts hir Matcher gewannen. Eng batter 26:56 Néierlag gouf et dogéint fir d’Dolphins bei de Bills, déi domadder um leschte Meter aus de Playoffs eliminéiert goufen. D’Browns sinn iwwregens domadder no 18 Joer mol nees eng Kéier fir d’Playoffs qualifizéiert.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Atlanta Falcons - Tampa Bay Buccaneers 27:44

Dallas Cowboys - New York Giants 19:23

New York Jets - New England Patriots 14:28

Minnesota Vikings - Detroit Lions 37:35

Pittsburgh Steelers - Cleveland Browns 22:24

Baltimore Ravens - Cincinnati Bengals 38:3

Miami Dolphins - Buffalo Bills 26:56

Seattle Seahawks - San Francisco 49ers 26:23

Arizona Cardinals - Los Angeles Rams 18:7

Jacksonville Jaguars - Indianapolis Colts 14:28

Tennessee Titans - Houston Texans 41:38

Las Vegas Raiders - Denver Broncos - 32:31

Los Angeles Chargers - Kansas City Chiefs 38:21

Green Bay Packers - Chicago Bears 35:16

New Orleans Saints - Carolina Panthers 33:7

Washington Football Team - Philadelphia Eagles 20:14

Back to Top
CIM LOGO