1.FC Kaiserslautern Riets Hand vum Flavio Becca am Opsiichtsrot placéiert, Opreegung am "Kicker"

RTL Lëtzebuerg
Sportlech leeft et beim Traditiounsveräin, deen elo an der drëtter däitscher Futtball-Bundesliga ass, jo als Tabellen-5.-leschten alles anescht wéi ronn.

Administrativ geet et och weider drënner an driwwer. An däitsche Medien, notamment am Kicker gëtt behaapt, datt den Afloss vum potenziellen Investisseur Flavio Becca am Club klëmmt, ouni datt de Lëtzebuerger Geschäftsmann, bis op eng Bankgarantie, schonn reell investéiert hätt.

Am Opsiichtsrot vun der Kapitalgesellschaft vum 1. FCK gouf elo de Patrick Gregorius, juristesche Beroder a riets Hand vum Becca placéiert.

De “Kicker” stellt awer d’Legitimatioun vun dëser Decisioun a Fro.

Back to Top
CIM LOGO