Eidel Rayonen. Kiloweis Fleesch, Mëllechproduiten oder déifgefruere Produiten, déi an der Poubelle gelant sinn. D'Frigoen an Tifküler goufen deels bis op 50 Grad erhëtzt. Och wann no där Cyberattack a Frankräich kee Risiko fir d'Liewensmëttelversuergung besteet, esou weist et awer, wéi séier Onéierlecher sech kënnen Zougang zu connectéierten Apparater verschafen.
Den Alexandre Dulaunoy, Direkter vu Computer Incident Response Center Luxembourg (CIRCL), erkläert, datt et dacks un ze liichte Passwierder géif leien:"Si les équipements sont mal sécurisés, un attaquant peut avoir accès à modifier les données, etc. Alors, il peut soit exploiter une vulnérabilité, soit exploiter par exemple des mots de passe faciles. Le cas en France, c'était principalement des mots de passe faciles et certaines vulnérabilités dans l'équipement qui était disponible. Et donc ce problème-là est partout."
Ma firwat sinn déi Frigoen iwwerhaapt connectéiert respektiv wéi kënne sech Onéierlecher iwwerhaapt an de System eranhacken? Dat beäntwert de Carlo Harpes, den Direkter vun itrust consulting: "E Supermarché keeft ee Frigo, huet net d'Expertise, fir alles ze maachen an da brauch se iergendeen aneren, dee kuckt, datt dee 'gewart gëtt', datt deen à jour gehale gëtt, an dat geet ganz dacks iwwer aner Firmen. Wann dann eng Firma net ee Frigo, mee Dausende Frigoe 'wart', dann ass et fir den Ugräifer dann natierlech vill méi interessant, déi Firma unzegräifen."
An dësem konkreete Fall huet et déi dänesch Firma Danfoss getraff. Experte ginn dovunner aus, datt et Sécherheetslücke gouf. Dacks géing et den Entreprisen um Bewosstsi feelen, déi Geforen iwwerhaapt ze erkennen.
"Wat ee konkreet hei ka maachen, dat ass éischtens, déi net op den Internet loossen, zweetens, déi Fournisseure vu baussen nëmmen dran, dann erakomme loossen, wann och wierklech eppes ze dinn ass, an net permanent an zu all Moment, an drëttens eeben déi Systemer, wou een da weess, wéi hei, dat sinn al Equipementer, déi eigentlech scho säit fënnef Joer ni méi sollten esou benotzt ginn, déi trotzdeem awer nach do sinn, well et ekonomesch gutt ass a well se gebraucht ginn. Och déi net ze vernoléissegen", esou de Carlo Harpes.
De Computer Incident Response Center Luxembourg (CIRCL) préift reegelméisseg Ekipementer oder Systemer op hir informatesch Schwaachstellen. Indicë ginn et och a Gruppe vun Hacker, déi sech echangéieren, zum Beispill iwwer Telegram: "Dans ces groupes, ils prépare à l'avance. Donc nous, on essaye d'être proactifs, de regarder ce qu'ils font, pour essayer de mieux comprendre et aussi de voir quels sont les types de cibles, les types d'équipements, etc. Parce qu'il y a des types de cibles, les types d'équipements, etc., parce qu'on peut découvrir, par exemple, de nouvelles vulnérabilités dans de l'équipement logiciel ou dans de l'équipement hardware, physique, industriel, qui pourraient être vulnérables", erkläert den Direkter Alexandre Dulaunoy.
Fir esou Menacë besser kënnen ze verstoen a sech och besser kënnen drop ze preparéieren, organiséiert de staatleche Service all Joer d'Konferenz hack.lu fir Privatentreprisen an Organisatiounen. Dëst Joer ass déi vum 20. bis den 23. Oktober.