
Zanter der Verëffentlechung vun der Reportageserie "Quand VEFA tourne au cauchemar" vun RTL Infos hu sech vill betraffe Persoune gemellt. Fir e puer huet den Albdram viru méi wéi siwe Joer ugefaangen, fir anerer eréischt viru kuerzem. Mee wéi vill Stéit si wierklech betraff? Wéi vill Dossiere si viru Geriicht? Wéi grouss sinn déi finanziell Verloschter?
Zu Lëtzebuerg bleiwen dës Froen nach ëmmer ouni konkret Äntwert. Op d'Fro nom Ausmooss vum Problem huet d'lëtzebuergesch Regierung zouginn, datt si keng Donnéeën hunn, fir d'Zuel vun de betraffene Keefer anzeschätzen. Dem Justizministère no gëtt et am Ament keng Administratioun, déi dës Informatiounen zentral erfaasst.
"D'Informatiounen iwwer d'Chantiersarrêten an d'Faillittë gi vu verschiddenen Acteure geliwwert (Keefer, Bierger oder Curateuren)", esou de Ministère. Trotzdeem ënnersträicht d'Regierung, datt si d'Entwécklung vun der Situatioun ganz genee verfollegt a sech de Schwieregkeete bewosst ass, mat deenen déi betraffe Stéit konfrontéiert sinn.
Dat gesot, huet d'Regierung awer keng Indemnitéite ugekënnegt. Et ass weder e Fong nach eng speziell Hëllef virgesinn.
Si verweist op d'Méiglechkeet vu gratis juristescher Berodung, wéi zum Beispill d'Rechtshëllef fir Stéit, déi verschidde Konditiounen erfëllen. Et ass awer net sécher, ob déi Persounen, déi dës Hëllef an Usproch huele kënnen, zu deene gehéieren, déi an de leschte Joren iwwerhaapt eppes kafe konnten.
D'Regierung réit de Keefer zousätzlech, sech och un de Promoteur ze wenden, fir eng Mediatioun an d'Weeër ze leeden. Dëse Rot schéngt awer wéineg ugepasst, wann ee bedenkt, datt grad dat de Problem ass, deen déi betraffe Keefer uschwätzen: d'Ausbleiwe vun enger Äntwert vum Promoteur, souguer op legalem Wee.
Wat déi aktuell Gesetzgeebung an d'Schutzmechanisme fir Keefer ugeet, huet d'Regierung zouginn, datt et Schwaachstelle gëtt, besonnesch bei de gesetzleche Bestëmmunge ronderëm d'Fäerdegstellungsgarantie. "Konkret Reformsvirschléi sinn amgaang, ausgeschafft ze ginn", sou de Justizministère.
Gläichzäiteg gouf verséchert, datt d'Aarbechten un der Reform vun der VEFA "an engem ganz wäit fortgeschrattenem Stadium" sinn, ouni awer e konkreten Zäitplang ze nennen, datt 2025 waren dat ganzt Joer Consultatiounen zesumme mat de Vertrieder vun de verschiddene Ministèren an der Direktioun fir de Konsumenteschutz.
"D'Aarbechtsgrupp huet déi verschidde Virschléi analyséiert, eng Rei Reformméiglechkeeten identifizéiert an ugefaangen, gesetzlech a reglementaresch Propositiounen auszeschaffen. Dës Aarbechte si schonn däitlech virukomm, huelen awer méi Zäit an Usproch wéi ursprénglech geduecht, wéinst der technescher Komplexitéit vum Dossier", heescht an der Äntwert vum Ministère.
RTL Infos huet och d'Problemer thematiséiert, déi mam Statut vun der geriichtlecher Reorganisatioun verbonne sinn, deen duerch d'Gesetz vum 7. August 2023 iwwert d'Preservatioun vun den Entreprisen agefouert gouf. Dobäi gouf och den Zäitpunkt vun der Aféierung vun dësem Gesetz a Fro gestallt, obwuel de Lëtzebuerger Immobiliemaart deemools schonn a voller Kris war.
D'Regierung huet sech géint d'Kritik verdeedegt a betount: "D'Akraafttriede vum Gesetz 2023 muss an dësem Kontext méi breet gekuckt ginn. (...) Et war am Kader vun der Ëmsetzung vun der europäescher Direktiv (EU) 2019/2023 iwwer Preventiv-Restrukturéierungsverfaren. Et handelt sech ëm eng strukturell Reform, déi iwwer puer Joer op nationalem an europäeschem Niveau virbereet gouf a mat deem d'Zil agefouert gouf, liewensfäeg Entreprisen ze sanéieren, éier eng Faillite onvermeidbar gëtt."
Och zum Statut vun der geriichtlecher Reorganisatioun hat d'Regierung eng kloer Positioun: "Dës Reorganisatioun huet net d'Zil, eng Entreprise dauerhaft vun hire Flichten ze befreien, mee hir e begrenzten Delai ze ginn, fir eng Sanéierungsléisung ëmzesetzen. De Schutz, vun deem d'Entreprise an deem Kader profitéiert, ass temporär a steet ënner der Kontroll vum Riichter"
Wéi de Fall vum Alejandro awer weist, kann eng Entreprise eng Verlängerung vun dësem Statut ufroen, ouni datt d'Keefer dobäi vertruede sinn. Genee dorop stäipt sech säin Affekot, wann hie seet, beim Gesetz wier et "einfach ze fuddelen". Dat schéngt d'Regierung awer net ze iwwerzeegen.

"Si la réorganisation judiciaire échoue, les créanciers retrouvent l'exercice de leurs droits et peuvent engager ou reprendre les actions qui leur sont ouvertes. En d'autres termes, les acquéreurs d’immeubles en l’état futur d’achèvement ne se trouvent pas dans une situation moins favorable que celle qui aurait été la leur si l'entreprise avait directement basculé dans une procédure de faillite."
Une affirmation mise à rude épreuve quand on considère que cela peut impliquer au moins 12 mois d'attente supplémentaires pour des acquéreurs qui continuent a payer un crédit, un loyer et des frais de justice en attendant. Nous avons relancé le gouvernement sur la question lundi matin. Nous sommes dans l'attente d'une réponse.
"Wann d'geriichtlech Reorganisatioun scheitert, kréien Créancieren hir Rechter zeréck a kënnen déi juristesch Schrëtt aféieren oder weiderféieren, déi hinnen zur Verfügung stinn. An anere Wierder: Keefer vu engem Immobilieprojet am Stadium vun der zukünfteger Fäerdegstellung befanne sech net an enger manner favorabeler Situatioun, wéi wann d'Entreprise direkt an eng Failliteprozedur gefall wier."
Eng Ausso, déi op d'Prouf gestallt gëtt, wann ee bedenkt, datt dat fir d'Keefer op d'mannst 12 Méint zousätzlech Waardezäit ka bedeiten. An där Zäit bezuele si weiderhin hire Prêt, eventuell Loyer an och nach Affekots- a Geriichtskäschten.
Mir hunn d'Regierung e Méindegmoien nach eemol mat dëser Fro konfrontéiert a waarden de Moment op eng Äntwert.