
Beim Eenzelsprangen zu Lathi a Finnland louch den 1. am Generalklassement Halvor Egner Granerud nom 1. Duerchgang nach a Féierung, dat mat 10,2 Punkte virum däitsche Karl Geiger. De Robert Johansson ass op déi 3. Plaz gesprongen.
Och am 2. Duerchgang ass dem Halvor Egner Granerud mat 137,5 Meter dee wäitste Sprong gelongen, allerdéngs konnt de 24 Joer ale Sportler dëse Sprong net stoen a huet sech an de Schnéi geluecht. Doduerch krut hie Punkten ofgezunn a kënnt um Enn op déi ondankbar 4. Plaz. Gewanne konnt d’Sprangen zu Lathi deemno säi Landsmann Johansson, dat mat 265.90 Punkten. Knapps dohannert klasséiert sech de Markus Eisenbichler (264.20). De Karl Geiger flitt op déi 3. Plaz.