D’Viraussetzunge fir dëse Match kéinten definitiv besser sinn. Zwou Spillerinne falen am Virfeld scho blesséiert aus. Keng einfach Situatioun, virun allem well d’Ekipp vum Dan Santos et mat der stäerkster Ekipp aus dem Grupp ze di krit.
Net nëmmen duerch hir zwou Victoire géint Georgien an Litauen, mee och duerch hir international top besaten Ekipp, geet den Tabelle-Leader Tierkei als klore Favorit an de Match géint den Tabellen-Zweete Lëtzebuerg.
Am Virfeld war scho kloer, datt et zwou schwéier Partië géife ginn, mee an deene leschten Deeg huet sech de Verletzungspech bei de roude Léiwinnen ageschlach.
Blesséiert falen d’Kapitänin Laura Miller an d’Claudia Veloso aus. Weider Fragezeeche stinn hannert dem Charlotte Schmitt, dem Andreia Faria an och dem Marisa Soares, déi och allen dräi ugeschloe sinn.
Nonominéiert goufe bis elo d’Liane Freymann an d’Kapitänin vun der U17, d’Anna Miny. Eng weider Plaz am Kader ass awer nach fräi. Déi kéint da vum Lena Alves oder dem Olivia Konsbrück opgefëllt ginn.
Nieft deene villen Blessure sinn awer och déi giel Kaarten ee klenge Problem. Am éischte Match géint d’Tierkinne wäert d’Joana Lourenco gespaart mussen nokucken. Dobäi kënnt, datt d’Emma Kremer, d’Charlotte Schmit, d’Leila Schmit an d’Andreia Silva Machado bei der nächster gieler Kaart och gespaart wieren.
Géint d’Nummer 64. vun der FIFA-Weltranglëscht wëll sech d’FLF-Selektioun awer net verstoppen, well et geet ëm déi wichteg zweete Plaz am Grupp.
Wéi sech d’rout Léiwinnen e Freideg aus der Affär zeien, gesitt Dir bei eis vun 19.30 Auer un am Livestream mat Commentaire vum Gilles Tricca a Serge Olmo op RTL.lu.