FuttballSchalke huet RTL-Informatiounen no Interessi um Gerson Rodrigues

RTL Lëtzebuerg
Den Tabelleleschten aus der Bundesliga wëll an der Wantertransfertsperiod nach eng Kéier oprëschten. Et sicht een esou e Profil wéi de Rodrigues.
© AFP (Archiv)

Wiesselt de Gerson Rodrigues bei den FC Schalke 04?

RTL-Informatiounen no hätt de Veräin aus der éischter Däitscher Futtball Bundesliga op jiddwerfalls Interessi um Lëtzebuerger Nationalspiller. Et gesäit am Moment awer éischter esou aus, wéi wann Dynamo Kiew, den aktuelle Club vum 25 Joer ale Mëttelfeldspiller, de Rodrigues awer net géif goe loossen. De Veräin aus der Ukrain ass jo nach an der Europa League engagéiert an ass och nees um Wee Champion ze ginn.

Den Tabelleleschten aus der Bundesliga, Schalke, wëll an der Wantertransfertsperiod nach eng Kéier oprëschten. Bei S04 siicht een dann och esou e Profil wéi de Gerson Rodrigues. Schalke huet sech jo lo an de leschte Woche scho mam Verteideger Sead Kolasinac a mam Stiermer Klaas-Jan Huntelaar verstäerkt.

Back to Top
CIM LOGO