
D'APEP, d'Associatioun vun de Sportsproffen, huet sech an engem interne Bréif, deen eis virläit, Gedanken driwwer gemaach, wéi se soll ëmgoe mat den Decisiounen, déi vum Educatiouns-Minister Claude Meisch an och vum Santés-Ministère geholl goufen.
Et ass een enttäuscht driwwer, dass vu Regierungssäit net mat der APEP geschwat gouf. D'Sportsproffen hunn d'Gefill, wéi wa si just als Statiste figuréieren.
