EM-QualifikatiounSpuenien iwwerrennt Georgien, Kroatien dominéiert Lettland

RTL Lëtzebuerg
Dräi Punkte gouf et dann och nach fir Schottland géint Zypern an d'Tierkei an Armenien hunn d'Punkte gedeelt.
© DENIS LOVROVIC / AFP

Nieft der Grupp J vun de Lëtzebuerger waren och nach zwou aner Gruppen e Freideg am Asaz.

Grupp A

Georgien - Spuenien 1:7
0:1 Morata (22'), 0:2 Kverkvelia (27,p), 0:3 Olmo (38'), 0:4 Morata (40'), 1:4 Chakvetadze (49'), 1:5 Morata (65'), 1:6 Williams (68'), 1:7 Yamal (74')

Zypern - Schottland 0:3
0:1 McTominay (6'), 0:2 Porteous (16'), 0:3 McGinn (30')

Resumé Grupp A: Georgien-Spuenien an Zypern-Schottland
Béid Favoritte konnten hir Partie gewannen

Un der Spëtzt vun der Grupp läit Schottland mat 15 Punkten aus 5 Matcher, dohannert kommen d’Spuenier mat 6 Punkten, si hunn awer eréischt 3 Matcher gespillt. 4 Matcher a 4 Punkten hunn d’Norweger an d’Georgier an Zypern huet nach kee Punkt aus véier Partien.

Grupp D

Kroatien - Lettland 5:0
1:0 Petkovic (3'), 2:0 Ivanusec (13'), 3:0 Petkovic (44'), 4:0 Kramaric (68'), 5:0 Pasalic (78')

Tierkei - Armenien 1:1
0:1 Dashyan (49'), 1:1 Yildirim (88')

Resumé Grupp D: Kroatien-Lettland an Tierkei-Armenien
Eng däitlech Victoire gouf et fir Kroatien wärend et kee Gewënner an der anerer Partie gouf.

Mat 10 Punkten aus 5 Matcher läit d’Tierkei un der Spëtzt, ma d’Kroaten hunn eréischt 3 Partië gespillt an awer scho siwe Punkte gesammelt. Armenien huet och siwe Punkten, awer dat aus véier Partien. Wales huet no 4 Matcher véier Punkten a Lettland keen.

Back to Top
CIM LOGO