Schi-WM an ItalienSuper-G-Titel bei den Damme fir d'Lara Gut, bei den Häre fir Vincent Kriechmayr

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme gouf et am Super G e Schwäizer Doublé bei den Häre gouf et en Titel fir Éisträich.
© AFP

Weltmeeschterin bei den Damme gëtt d’Lara Gut, op déi zweete Plaz kennt d’Corinne Suter. D’Amerikanerin Mikaela Shiffrin konnt sech dann op der Streck zu Cortina d’Ampezzo an Italien d’Bronzmedail sécheren.

Op der Weltmeeschterschaft am Schi-Alpin zu Cortina d’Ampezzo an Italien, geet den Titel am Super G bei den Hären un den Éisträicher Vincent Kriechmayr. D’Plazen 2 an 3 ware fir den Däitschen Romed Baumann an de Fransous Alexis Pinturault.

Back to Top
CIM LOGO