
Fir de Gerwyn Price ass d’Weltmeeschterschaft am Darts eriwwer. Den Titelverdeedeger huet an de Véierelsfinallen géint de Michael Smith een 9-Darter geworf an domadder fir e WM-Rekord gesuergt - duerno ass hien awer an engem epeschen Thriller géing de Michael Smith erausgeflunn. De “Bully Boy” huet no engem grandiose Spill mat 5:4 gewonnen.
De Price ass nom William Borland an dem Darius Labanauskas den drëtte Spiller am Ally Pally, deem bei dësem Tournoi e perfekt Leg gelongen ass. Sou vill 9-Darter gouf et nach ni bei enger WM.
Et schéngt, wéi wann de Fluch endlech eriwwer wier. Eng éischte Kéier zanter 2013 steet den “The Machine” James Wade nees an enger Halleffinall. Dat no enger 5:0-Victoire géint säi Landsmann Mervyn King. Dëst ass déi 4. Kéier, datt den Englänner a senger Karriär an der Halleffinall steet. Déi éischte Kéier war de Wade 2009 dobäi, dunn nach emol 2012 an dat Joer drop. An der Halleffinall kritt de Wade et mam Smith ze dinn.
Fir d’Halleffinall sollt et fir de Luke Humphries op Neijoerschdag net duergoen. Den „Flying Scotsman” Gary Anderson huet sech mat 5:2 géint de 26 Joer alen Englänner behaapt. Ob et dëst Joer nees eng Finall mam Ex-Weltmeeschter wäert ginn? Lescht Joer hat de Gary Anderson géint de Gerwyn Price am Londoner Alexandra Palace de Kierzere gezunn.
Fir den Anderson geet et an der Halleffinall géint de Peter Wright. Mat vill Méi huet sech de “Snakebite” géint de staarken Newcomer Callan Rydz duerchgesat. Nodeems den Darts-Weltmeeschter vun 2020 de wärend dem Spill mat 0:2 an 1:3 an de Sätz hanne louch, konnt hien de Match nach dréinen an huet no der voller Distanz mat 5:4 gewonnen. De Schott huet niewebäi säi perséinlechen 180er-Rekord an engem WM-Match op 17 ausgebaut.
D’Halleffinalle ginn e Sonndeg gespillt an e Méindeg den Owend ass dann d’Finall.