"CMCM Luxembourg Indoor Meeting"Van der Weken mat gudde Chancen op eng weider Victoire iwwer 60 Meter

Tom Hoffmann
Mam internationalen Indoor-Meeting an der Coque steet e wichtege Rendez-Vous fir d'Liichtathleten um Programm.
"CMCM Luxembourg Indoor Meeting"
D’Patrizia van der Weken huet gutt Chancen op eng Victoire iwwer 60 Meter.

D’Patrizia Van der Weken kann e Sonndeg dësen Event als Preparatioun fir weider Aufgaben notzen. fir d’Indoor-Weltmeeschterschaft Mëtt Mäerz a Polen ass d’Sportlerin vum Joer scho qualifizéiert.

Fir de Meeting an der Coque ass si mat enger perséinlecher Beschtzäit vu 7 Sekonnen a 6 Honnertstel iwwer 60 Meter déi séierst Athletin, déi ageschriwwen ass. Den Objektiv bei dëser Editioun onbedéngt ze gewanne géif et awer net, sou d’Patrizia van der Weken: “Et wier flott, wann ech gewannen. Ech probéieren, eng anstänneg Zäit ze an e klengt Ausruffzeechen ze setzen an dann hoffen ech, dass ech mech iwwert déi nächst Woche weider steigeren.”

D’Victoria Rausch kënnt och lues a lues nees a Form. D’Heckenspezialistin, déi d’lescht Joer no enger Blessur nees eng ganz Saison konnt lafen an trainéieren, huet um Regio Meet mat hiren Zäite Confiance fir dëse Weekend getankt: “Op den Hecke war ech 5 Honnertstel vu menger Beschtzäit ewech. Ech sinn och eng perséinlech Beschtzäit iwwer 60 Meter flaach gelaf. Dat gëtt mir Confiance, dass ech um gudde Wee sinn. D’lescht Saison am Summer war eng gutt Saison fir mech. Dorop hunn ech opgebaut fir ze kucken, dass dës Indoor-Saison genau esou gutt gëtt.”

Um Regio Meet huet och d’Fanny Arendt iwwerzeegt. Mat zwee néien nationale Rekorder an dem 27. Chrono weltwäit iwwer 600 Meter huet d’Athletin vun der Fola gewisen, dass d’Form passt. Beim internationalen Indoor-Meeting, op deem si iwwer 800 Meter untrëtt ass d’Konkurrenz allerdéngs eng aner: “Ech hunn eng spuenesch Fra op der Lëscht gesinn, wat eng staark Konkurrentin wäert sinn, mee och aner staark Leeferinnen. Et gëtt eng gutt Course an ech freeë mech, dass ech d’Méiglechkeet hunn, mech mat hinnen ze moossen.”

Och de Ruben Querinjean wäert dëse Weekend an der Coque iwwer 3.000 Meter un den Depart goen. Et kann e gespaant sinn, ob de Sportler vum Joer den nationale Rekord vum Charel Grethen verbessert.

Den “CMCM Luxembourg Indoor Meeting” wäert live e Sonndeg vu 16 Auer um zweeten RTL op der Tëlee an am Stream op RTL.lu iwwerdroe ginn.

Back to Top
CIM LOGO