Parlamentaresch FroVerléieren d'Sportsveräiner duerch d'Pandemie hir Lizenzen?

RTL Lëtzebuerg
Déi sanitär Kris huet eng Partie Repercussiounen op de Sport. D'Chantal Gary a Stéphanie Empain wollten doriwwer méi Detailer vum Dan Kersch gewuer ginn.

An enger parlamentarescher Fro wollte béid Deputéiert vun déi gréng vum Sportminister ënnert anerem wëssen, ob d’Veräiner domadder konfrontéiert wieren, dass si wéinst der Coronapandemie kéinte Lizenze verléieren an op der anerer Säit eng Waardelëscht do wier, vu Leit, déi elo wëllen organiséierte Sport praktizéieren.

A senger Äntwert schreift den Dan Kersch, dass hien den Ament keng konkret Informatiounen an déi Richtungen hätt. Et wier ze fréi, fir ee Bilan ze dresséieren. Et hätt een awer eng Enquête lancéiert an et géif een d’Resultat ofwaarden.

De Sportminister schléisst och net aus, dass et no de ronn 3,3 Milliounen Euro, déi et dat leschte Joer un Ënnerstëtzunge fir d’Veräiner goufen, och fir 2021 finanziell Hëllefe kéinte ginn, fir dass Clibb sech ënnert anerem Sport-Material kéinte kafen.

PDF: Äntwert vum Dan Kersch op parlamentaresch Fro vum Stéphanie Empain a Chantal Gary

Back to Top
CIM LOGO