
KFC Uerdingen - Borussia Dortmund 0:2
No den éischte 45 Minutte goung et mat engem 0:0 an d’Paus. Nom Téi huet de BVB awer opgedréint an ass an der 49. duerch de Reus mat 1:0 a Féierung gaangen. 20 Minutte viru Schluss konnt den Alcacer mat engem direkte Fräistouss op 2:0 setzen. Bei dësem Resultat sollt et bis zum Schluss bleiwen, sou datt Borussia Dortmund souverän am 2. Tour steet.
SV Sandhausen - Borussia M’Gladbach 0:1
D’Fohlen kruten et am éischten Tour vum DFB-Pokal mat Sandhausen ze dinn. D’Gäscht waren an der 19. Minutt duerch déi nei Recrue Marcus Thuram 1:0 a Féierung komm. No der Paus ass keng Ekipp méi e Gol gegléckt, sou datt Gladbach mat enger 1:0-Victoire géint Sandhausen am nächsten Tour steet.
Ingolstadt - Nürnberg 0:1
Fir Ingolstadt war et e Freideg den Owend den Out am DFB-Pokal. D’Ekipp vum Jeff Saibene huet mat 0:1 géint Nürnberg verluer. Den decisive Gol huet den Dovedan geschoss.
Liverpool - Norwich City 4:1
Furiéis sinn d’Reds an hiren 1. Match vun der neier Saison gestart. D’Ekipp vum Jürgen Klopp huet Norwich City mat 4:1 geklappt. Den éischte Gol vum Owend hat den Hanley an der 7. Minutt geschoss. Hien hat de Ball am eegene Filet ënnerbruecht an esou d’Lokalekipp a Féierung bruecht. Duerno hunn de Salah, de Van Dijk an den Origi bis d’Paus de Score eropgeschrauft an dat op 4:0. No der Paus gouf et du méi roueg am Match. D’Gäscht konnten an der 64. Minutt duerch de Pukki op 1:4 verkiertzen, ma méi hunn d’Reds net méi zougelooss.
LINK: Den Iwwebléck vun der Premier League
Monaco - Olympique Lyon 0:3
Mat enger 2:0-Féierung goung et am Fürstentum no den éischte 45 Minutten an d’Paus, dat nodeems den Dembélé an den Depay fir hir Faarwe markéiert haten. An der 80. Minutt hat den Tousart mam 3:0 fir d’Schlussresultat gesuergt. Domadder gouf et fir Lyon e souveränen Optakt an der neier Saison.