Enger Ëmfro no gesinn et vill Japaner éischter skeptesch, dass d’Event organiséiert gëtt. Verschiddener hu sech esouguer dogéint ausgeschwat.
2,3 Milliarden Euro - dat ass de Präis, deen d’Organisatioun huet missen zousätzlech op den Dësch leeën, fir d’Olympesch Spiller ëm ee Joer ze verleeën. Net nëmme wéinst dësem zousätzleche finanziellen Opwand soll zu Tokio am Summer ëm Medaile gekämpft ginn, mä och en anere Faktor spillt eng grouss Roll.
„Japan wielt am Hierscht an et wier een naiv, wann een denkt, dass dat keen Afloss op d’Decisiounen hätt. Den Organisatiounscomité huet confirméiert, dass d’Olympesch Spiller zu Tokio sollen duerchgefouert ginn“, sot den techneschen Direkter vum Cosl, Hein Thews.
Fir d’Athleten, déi sech nach net qualifizéiert hunn, bleiwen d’Normen an d’Prozesser déi selwecht. Fir déi Normen awer ze erfëllen, brauchen d’Athlete sportlech Rendez-vousen, mä bedéngt duerch dës Situatioun sinn déi mat groussem Opwand verbonnen.
„Mir wëssen, dass an Europa nees Kompetitioune méiglech sinn, mä dat ass ëmmer mat Tester an Aschränkunge beim Reese verbonnen. Dat ass warscheinlech nach méi e groussen Obstakel, dës Qualifikatiounskompetitioune fair fir jiddereen ze organiséieren, wéi d’Organisatioun fir Tokio 2021 selwer.“
Eng Impfflicht fir d’Athleete wäert et keng ginn, well d’Sportler hei am Land vun der Prioritéit hier als eng vun deene leschte Gruppen un d’Rei kommen.
„Et wäert ganz wichteg sinn, wéi staark Japan durechgeimpft wäert sinn. Si fänken Enn Februar mam Impfprozess un an hu mat Zäite genuch kaf an et wäert ganz staark mat Pretester geschafft ginn, ier ee Sécherheetszone passéiert. Soss gëtt jo och als Sécherheetsgrënn d’olympescht Duerf wéi e Militärstëtzpunkt ofgerigelt. Dat wäert och elo de Fall si mat den zousätzleche sanitärë Mesuren.“
Mëtt an Enn dës Mounts kënnt déi japanesch Regierung zesummen, wou d’Olympesch Spiller ganz uewen um Ordre du jour stinn. Bis dohin heescht et weider ofwaarden.
