
No engem extrem intensive Spill tëscht béiden Ekippe stoung et no den éischte 45 Minutten 0:0. D'Heemekipp hat awer deelweis méi Ballbesëtz an och méi grouss Chancen.
An der 60. Minutt dann den éischte Gol fir Frankfurt. De Kostic hat hei an de Strofraum geflankt, de Silva huet dunn de Ball an de Gol gekäppt. 1:0 fir Frankfurt.
An der 81. Minutt dunn den 2:0 vum Ilsanker, dee grad emol 19 Sekonne virdrun agewiesselt gouf. No engem Corner vum Kostic, brauch den Ilsanker just nach de Fouss dohinner ze halen.
An och an der 90. Minutt ass et den Ilsanker, dës Kéier no engem Käppert, dee fir de Gol fir d'Eintracht suergt, dat no engem Fräistouss vum Guzman.
0:3 war dann och d'Endresultat vum Match.