
Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg gëtt déi 75. Editioun vun der Flèche du Sud gefuer. D'Course gëtt an der Kategorie 2.1 gefuer an ass domat op fir déi grouss Profi-Ekippen. Deemno gesäit een iwwer déi nächst Deeg zum Beispill d'Ekipp Team Visma | Lease a Bike op de Lëtzebuerger Stroossen. Si komme mam Vainqueur vu Kuurne-Bréissel-Kuurne an engem vun de gréissten Talenter am Peloton, dem Britt Matthew Brennan, un den Depart. Den 20 Joer jonke Brennan huet mam Hollänner Tijmen Graat ee Coureur a senge Reien, deen och am Generalklassement ganz vir kéint matfueren.
Am Ganze stinn 13 Lëtzebuerger Coureuren um Depart vun der Flèche. Déi gréisste Chancen op eng gutt Plaz am Generalklassement dierft de Mats Wenzel hunn. De Sportler aus der Equipo Kern Pharma ass iwwer déi lescht Woche gutt a Form a war virun zwee Joer den 8. ginn. Déi schwéier Etappen zu Buerschent a Stengefort dierften him leien. Bei der Flèche du Sud fiert de Mats Wenzel fir d'Nationalekipp, déi vum Jempy Drucker dirigéiert gëtt. U senger Säit huet hien do de Charel Meyers, den Alex Kerrens an déi ganz Jonk Flavio Astolfi, Yannis Lang a Lennox Papi. De Max Bäcker huet de Mats Wenzel bei sengem leschten Training begleet an hien op seng Ambitiounen ugeschwat.
De Loïc Bettendorff fiert fir seng éisträichesch Ekipp Hrinkow Advarics a konnt d'lescht Woch beim Tour of Hellas, och eng Course vun der Kategorie 2.1, de Biergpräis gewannen. Och wann d'Rees an déi schwéier Course un d'Reservë gaangen ass, sou hofft de 25 Joer jonke Coureur awer, op där enger oder anerer Etapp eng Roll ze spillen. Besonnesch déi 4. Etapp zu Stengefort huet hie sech ugekräizt. Am Interview kënnt de Loïc Bettendorff op d`Course a Griicheland zréck a schwätzt iwwer de neie Status vun der Flèche du Sud.
Déi aner sechs Lëtzebuerger si mat hiren däitsche Kontinental-Ekippen um Depart. An der Ekipp Team Lotto-Kern Haus Outlet Montabaur fuere mam Alexandre Kess, dem Mil Morang an dem Arno Wallenborn dräi Coureuren, déi eng ganz interessant Roll kënne spillen. Allen Dräi hu si déi néideg Qualitéiten, fir op enger vun den Etappen ëm d'Victoire mat ze fueren. Dem Arno Wallenborn kann een am Generalklassement e gutt Resultat zoutrauen.
Fir d'Ekipp Team Storck - MRW Bau, eng aner däitsch Konti-Ekipp, fueren de Noé Ury, de Pol Breser an de Mats Berns. Et kann een dovunner ausgoen, dës Coureuren an den Echappéeën ze gesinn.
Och an deene verschiddenen aneren Ekippe sinn eng Réi Lëtzebuerger am Asaz. De Gaëtan Pons ass Directeur Sportif beim Team Visma | Lease a Bike an de Pit Leyder, fréieren Drëtte vum Skoda Tour, bei Tirol KTM Cycling Team. Den Zweetgenannten ass zanter dräi Joer fir déi éisträichesch Ekipp am Asaz a freet sech, hei ze sinn. Am Interview erzielt hien eis, wéi e bei d'Ekipp komm ass a wat ee sech vun hinne kann erwaarden.
Alles an allem ass déi 75. Editioun vun der Flèche du Sud aus Lëtzebuerger Siicht ganz interessant an et dierf ee gespaant sinn op den Ausgang vun deene verschiddene Etappen an dem Generalklassement.
Iwwer déi 5 Etappe kann ee sech spannend Courssen erwaarden. D'Flèche du Sud ass ëmmer schwéier an huet en excellente Palmarès. Lass geet et zu Stadbriedemes mat engem Circuit, dee sechs mol ze fueren ass. 94,2 Kilometer sinn dat um éischten Dag. Daags drop ass déi traditionell Etapp ronderëm Rëmeleng. Op Christi Himmelfaart sinn 151,2 Kilometer ze fueren. E Freideg kéint et zu Buerschent op enger ganz selektiver 156,2 Kilometer laanger Etapp eng Virentscheedung fir d'Generalklassement falen. Vun der Giewelsmillen aus geet et um Enn vun der Etapp dräi mol op Buerschent erop. E Samschdeg ronderëm Stengefort, iwwer 149,4 Kilometer, kann et nach zu Ännerungen am Klassement kommen. Um Circuit um Enn vun der Etapp heescht et, gutt positionéiert ze fueren, fir sech net iwwerraschen ze loossen. Traditionell geet d'Course e Sonndeg zu Esch op en Enn. No 166,5 Kilometer dierfen zu Esch/Belval d'Sprinter eng Chance op e Succès hunn.