
Op der wallonéierter Etapp, op där de Peloton eng Montée vun der 2. Kategorie ze fueren hat, goung et iwwer 138 Kilometer vu Catanzaro op Cosenza. De Leader am General Thomas Silva gouf an dëser Montée distanzéiert. Kontrolléiert gouf de Grupp vun de Favoritte vun der Ekipp Movistar, déi Tempo gemaach hunn.
Dono huet den Jan Christen attackéiert. De Schwäizer, deen en Dënschdeg den Trikot vum beschte Jonken iwwerholl huet, gouf zwar an der Suite agefaangen, hat um Enn awer eppes ze feieren. Säi Coequipier Jhonathan Narvaez hat am Sprint déi séierste Been a konnt sech virum Orluis Aular an dem Giulio Ciccone behaapten. Den Ciccone iwwerhëlt awer d'Féierung am General an huet do 4 Sekonnen Avance op den Jan Christen.
1. NARVAEZ Jhonatan UAE Team Emirates-XRG 03:08:46
2. AULAR Orluis Movistar Team "
3. CICCONE Giulio LIDL-Trek "
4. TURNER Bem Netcompany INEOS Cycling Team "
5. PINARELLO Alessandro NSN Cycling Team "
6. EULALIO Afonso Bahrain Victorious "
7. VAN EETVELT Lennert Lotto-Intermarché "
8. ULISSI Diego XDS Astana Team "
9. RACCAGNI NOVIERO Andrea Soudal Quick-Step "
10. VALGREN Michael EF Education-EasyPost "
1. CICCONE Giulio LIDL-Trek 16:18:51
2. CHRISTEN Jan UAE Team Emirates-XRG +0:04
3. STORK Florian Tudor Pro Cycling Team +0:04
4. BERNAL Egan Netcompany INEOS Cycling Team +0:04
5. ARENSMAN Thymen Netcompany INEOS Cycling Team +0:06
6. PELLIZZARI Giulio Red Bull-BORA-hansgrohe +0:06
7. VAN EETVELT Lennert Lotto-Intermarché +0:10
8. MAS Enric Movistar Team +0:10
9. BELOKI Markel EF Education-EasyPost +0:10
10. HIRT Jan NSN Cycling Team +0:10