
Déi 78. Editioun vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes gouf e Sonndeg mat der Etapp vu Vizille op Saint Ismier gestart. No 146 Kilometer duerft sech den Alex Baudin iwwer d'Victoire freeën. Et war déi drëtt Victoire a senger Karriär. De Fransous hat sech fréi mat enger Echappée duerch d'Bascht gemaach a blouf als eenzege vun der ursprénglecher Véierergrupp iwwereg. Déi lescht 25 Kilometer huet de Baudin eleng zeréckgeluecht.
Hannert dem Fransous gouf op der Ligne d'arrivée ëm déi reschtlech Plazen um Podium gesprint. Hei hat de Belsch Ramses Debruyne déi séierst Been virum Léo Bisiaux an dem Kevin Vermaerke. De Kevin Geniets hat als 81. eng Véierelstonn Retard op de Gewënner. De Mathieu Kockelmann koum als 131. op d'Arrivée (+ 24:09).
1 Alex Baudin 3:43:58
2 Ramses Debruyne 0:32
3 Léo Bisiaux ''
4 Kevin Vermaerke ''
5 Rudy Molard ''
6 Ben Tulett ''
7 Luke Plapp ''
8 Luke Tuckwell ''
9 Kévin Vauquelin ''
10 Oscar Onley ''