VëlosportAndy Schleck gëtt neie CEO bei Lidl-Trek

Tom Nols
Nom Tour de France 2026 wäert et zu Ännerunge kommen an der Struktur vun der Ekipp, déi den Andy Schleck an d'Positioun vum CEO wäerte bréngen.
© Lidl-Trek

Nodeems bekannt gouf, datt den General Manager Luca Guercilena d'Ekipp verléisst, wäert den Andy Schleck, dee bis elo Stellvertrieder war, neie CEO gi vu Lidl-Trek. Nom Tour de France, den 1. August, wäert de Schleck op sengem neie Posten aktiv ginn.

Neien Chief Sporting Officer (CSO) wäert de Grischa Niermann ginn, dee vu Visma-Lease a Bike eriwwer wiesselt. Ënnerstëtzt gëtt hien dobäi vum Lëtzebuerger Dan Lorang, dee vu Red Bull-Hansgrohe kënnt an neie Performance-Director bei Lidl-Trek wäert ginn.

Liest hei de komplette Communiqué vu Lidl-Trek.

Back to Top
CIM LOGO