
No engem Gespréich mam Chef vum Tour de France Christian Prudhomme huet “Ouest-France” gemellt, datt d’Aso d’Fra, déi d’Chute e Samschdeg op der 1. Etapp vun der 108. Editioun vum Tour de France ausgeléist huet, wëllt verkloen. Ob a wéi d’Zuschauerin zur Rechenschaft ka gezu ginn, ass den Ament awer nach onkloer, well si den Infoe vun der Zeitung no séier fortgelaf ass.
“Mir maachen eng Plainte géint d’Fra, fir datt d’Minoritéit vun de Leit, déi esou Saache maachen, d’Show net fir jidderee futti maachen”, sou de Stellvertrieder vum Tour-Chef Pierre-Yves Thouault der Noriichtenagence “AFP” géintiwwer.
Déi jonk Fra hat ee Schëld mam Text “Allez Omi-Opi” an d’Strooss gehalen, géint dat den Tony Martin mat héijer Vitess gerannt war. Nieft dem däitsche Coureur sinn doropshin Dosende Coureure gefall.
Déi 2. Etapp vum Tour de France kënnt Dir nees live op der Tëlee an am Stream op RTL.lu suivéieren.