Bei der Race Around Austria läit de Ralph Diseviscourt nach ëmmer op der 4. Plaz. E Freideg de Mëtteg huet hien eng ongewollte Paus mussen aleeën, vun där hien awer eventuell ka profitéieren. Op der Streck ass nämlech ee schwéiert Accident geschitt an d´Strooss huet musse komplett gespaart ginn, soudatt den Ultracyclist forcéiert gouf, fir iwwer 2 Stonne stoen ze bleiwen. Déi Zäit gëtt him awer nees zegutt geschriwwen. Och wann de Ralph Diseviscourt den Ament net op enger Podiumsplaz ass, esou ass hie virun der leschter Nuecht awer nach ëmmer positiv gestëmmt.
“D´Ecarten si relativ grouss an et kann een de Retard vu sech aus praktesch net ophuelen. Wéi ech awer ëmmer soen, kann an esou Coursse vill geschéien. Wann een abrécht, ka ganz vill Zäit verluer goen. Ech mengen, et ass nach iwwer een Dag ze fueren, do kann nach ganz vill geschéien et ass e ganz schwéieren Terrain, deen op eis duerkënnt. Ech géif soen, dass nach keen am sécheren Hafen ass.”
D’Arrivée vun der Race Around Austria ass am Laf vum Samschdeg.
RTL-News (11.8.20): Race Around Austria - De Ralph Diseviscourt ass en Dënschdeg den Owend gestart RTL-News (12.8.20): Race around Austria - De Ralph Diseviscourt ass gutt ënnerweeRTL-News (13.8.20): Race Around Austria - Ralph Diseviscourt: Virun 3. Nuecht nach ëmmer op 3. Plaz