Race Around AustriaRalph Diseviscourt: Virun 3. Nuecht nach ëmmer op 3. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Dënschdeg den Owend 20.32 Auer ass de Ralph Diseviscourt bei der Race Around Austria am Asaz. Enger Course iwwer ronn 2.200 Kilometer.

Bei de Race Around Austria leit de Ralph Diseviscourt virun der 3. Nuecht nach ëmmer op der 3. Plaz. Leader ass den Éisträicher Christophe Strasser, op der 2. Plaz läit den Däitschen Rainer Steinberger.

De Ralph Diseviscourt huet ronn 1.200 Kilometer bis elo an de Been. Et bleiwen der also nach eng 1.000 ze fueren.

D´Coureuren haten am Laf vum Nomëtteg mat zum Deel heftege Wiederen ze kämpfen. Och an der nächster Nuecht si nees Wiederen an Éisträich gemellt. Esou lues awer sécher fänkt och dee ganz schwéieren Deel an den Alpen un. Mat ënnert anerem dem Grossglockner.

An de Stonne virdrun

De Retard op den Zweeten ass an der leschter Nuecht méi grouss ginn. Den Ultracyclist huet nämlech musse méi dacks stoe bleiwe wéi geplangt war. Am Ganzen huet hien 1 Stonn an 20 Minutte geschlof. De Ralph Diseviscourt ass awer optimistesch fir de weidere Verlaf vun der Course.

De Ralph Diseviscourt

D’Course ass nach laang an et kann nach vill geschéien. Ech wollt keen onnéidege Risiko agoen an dofir hunn ech mech eng Kéier méi néier geluecht wéi et geplangt war. Et war och ee ganz schwéieren Terrain “Südsteirische Weinstrasse”, wou mir driwwer gefuer si, mat Koppen, déi bis zu 20 Prozent géi waren. D’Bee sinn ok, och soss keng kierperlech Problemer. Et ass d’Hetzt, déi mir gëschter haten, déi mir zougesat huet.

D’Arrivée vun der Race Around Austria ass am Laf vum Samschdeg.

RTL-News: Race Around Austria - De Ralph Diseviscourt ass en Dënschdeg den Owend gestart RTL-News: Race around Austria - De Ralph Diseviscourt ass gutt ënnerwee

Back to Top
CIM LOGO