Lëtzebuerger Championnat am CyclissemKuerzfristeg huet Plaz an Organisateur gewiesselt

RTL Lëtzebuerg
Traditionell ass virum Tour de France bei eis am Land ëmmer d'Championnat am Cyclissem.
© AFP (Archiv)

Dat sollt dëst Joer vum Zéissenger Veräin zu Biissen organiséiert ginn. Kuerzfristeg huet d’Plaz an den Organisateur awer gewiesselt.

Cyclissem-Championnat / Reportage Rich Simon

An de leschte Jore stinn d’Veräiner net méi an der Rei fir d’Championnat ze organiséieren. Dat war zu Krichen- a Schleck- Zäiten nach anescht. Et brauch ee vill Leit, déi sech bereet erklären, fir eng Hand mat unzepaken an e gewëssene finanzielle Risiko ass och dobäi. Dëst Joer hat de SaF Zéisseng sech där Charge ugeholl. De Veräin, deen ënnert anerem och de Festival Elsy Jacobs organiséiert, huet awer viru kuerzem d’Handduch geworf. Ënnert anerem, well vu Säite vun de Pont et Chaussée d’Streck, déi schonns fest stoung, geännert hätt musse ginn. Kuerzfristeg huet also mussen een anere Circuit an een aneren Organisateur fonnt ginn. Fir de President vun der FSCL Camille Dahm war dat awer net all ze schwéier.

Well mir Erfarung hunn aus de leschte Joren, well mir ëmmer mol een Hick dran haten. Well mir awer Leit an der Federatioun hunn, déi vill Kontakter hunn, virun allem den Ed Buchette, si mir du ganz séier mat der Gemeng Kielen eens ginn a mir wäerten elo den nächste Weekend ee ganz flott Championnat erliewen.

D’Streck gouf relativ séier fonnt an och den Organisateur. Den Organisateur ass ganz kloer de VC Mamerdall, déi an der Nopeschgemeng elo eppes organiséieren. Et ass awer esou, datt ouni d’Mathëllef vun der Federatioun a vun dësem an deem aus engem anere Veräin, dee Mol kann op enger Kräizung hëllefen, datt et ouni déi net geet. De Gros mécht awer ganz kloer de VC Mamerdall, mat Hëllef vun de Gemengenautoritéiten an de Gemengenaarbechter vun der Gemeng Kielen.

D’Championnat fänkt den nächste Freideg un. Da stinn an alle Kategorien d’Contre la Montre um Programm. Samschdes a sonndes ginn d’Courssen en Ligne gefuer. Zweemol ass de Parcours, deen net all ze schwéier ass, ronderëm Nouspelt, praktesch identesch.

Back to Top
CIM LOGO