Cyclocross-WMLëtzebuerg ass an all Kategorie dobäi

Tim Hensgen
Vum dësem Freiden bis de Sonnden ginn zu Hulst d’Cyclocross Weltmeeschterschaft gefuer.
Cyclocross-WM
Lëtzebuerg ass an all Kategorie dobäi. Vum dësem Freiden bis de Sonnden ginn zu Hulst d’Cyclocross Weltmeeschterschaft gefuer.

Vum nächste Freide bis e Sonnde kämpfen am hollänneschen Hulst déi weltbeschte Cyclocross-Fuererinnen a Fuerer an dräi Kategorien ëm de Reebou-Maillot, dee vum Weltmeeschter. E Méindeg huet d’Lëtzebuerger Federatioun annoncéiert, wie fir de Grand- Duché un den Depart geet. Et war keen einfache Choix fir den Nationalekippstrainer Jempy Drucker a säi Staff. Virun allem an de Jugendkategorien ass déi international Konkurrenz immens staark. Trotzdeem ass de Grand-Duché nieft dem Team Relay an all Kategorie vertrueden. Bei der U19 sinn d’June Nothum, de Ben Fleming an de Ben Koenig selektionéiert ginn. Bei der U23 Liv Wenzel Layla Barthels an de Lennox Papi. Bei der Elite starten d’Marie Schreiber an de Loïc Bettendorff. Fir den Nationaltrainer Jempy Drucker geet et drëms Experienz ze sammelen.

“De Lenox ass nach éischt Joer Espoir. Ech mengen d’Espoir Meedercher si wuel e bësse méi erfueren. D’Marie, mee och de Loïc, sinn och nach ni eng Weltmeeschterschaft bei der Elite gefuer. Natierlech huet een Ambitiounen, mee et weess een awer och, fir vill ass et déi éischt WM. An eeben och, et geet drëm Erfarung ze sammelen.”

D’Marie Schreiber hat als Espoir zu Hulst de Worldcup 2024 gewonnen, mee leider war d’Preparatioun fir dWM fir déi 22 Joer al Proficyclistin alles anescht ewéi optimal: “Wann ech ee gudden Dag hunn an eng Streck virfannen, wou ech Spaass wäert hunn, ass alles dran. Also d’Saison war duerchwuess, soen ech mol, dat et extreem schwéier ass, fir wierklech genau ze soen, wat kënnt, och well de Level sou héich ass. Mee wann ech e gudden Dag hunn, kann ech op mengem allerbeschten Niveau am Fong performen”.

D’WM Streck ass technesch schwéiert a féiert d’Cyclocrosser ronderëm d’Festung zu Hulst. Bei schlechtem Wieder muss ee besonnesch oppassen: “Deeler sinn déi selwecht, jo, wéi am World Cup an et sinn awer och Deeler, wou mer de verkéierte Wee fueren an et sinn eeben och komplett nei Deeler dobäi”.

Et gëtt keng einfach WM fir d’ Lëtzebuerger Nationalekipp, mee villäicht ass deen een oder anere positiven Ausrutscher dobäi.

D’Lëtzebuerger Delegatioun gouf e Méindeg vun der FSCL presentéiert an ass an all Kategorie vertrueden:

  • U19: June Nothum, Ben Fleming, Ben Koenig
  • U23: Liv Wenzel Layla Barthels, Lennox Papi
  • Elite: Marie Schreiber, Loïc Bettendorff

De Grand-Duché geet och fir déi éischt Kéier am Team Relay an Holland un den Depart.

Back to Top
CIM LOGO