Déi leschten Etapp, déi iwwer just 95 Kilometer zu Barcelona gefuer ass, konnt de Brady Gilmore (NSN Cylcing Team) am Sprint gewannen. Op d’Plazen 2 an 3 fueren de Fransous Dorian Godon (Ineos Grenadiers) an de Belsch Remco Evenepoel (Red Bull – Bora – hansgrohe). De Mats Wenzel (Equipo Kern Pharma) fiert mat engem Retard vun 1 Minutt an 33 Sekonnen op de Brady Gilmore als gudden 39. iwwert de wäisse Stréch. De Bob Jungels huet sengersäits déi leschten Etapp missen opginn.
De Jonas Vingegaard (Visma-Lease a Bike) huet fir eng 1. Kéier a senger Karriär den Tour duerch Katalounien gewonnen. Den Dän vum Team Visma-Lease a Bike huet an deene leschten Deeg 2 Etappe konnte gewannen a bestätegt no der Victoire am General bei Paris-Nice och a Katalounien seng aktuell gutt Form. Déi zweete Plaz am General ass fir de Lenny Martinez (Bahrain-Victorous). Mat enger Minutt a 30 Sekonne Retard klasséiert sech de Florian Lipowitz (Red Bull – Bora – hansgrohe) op der drëtter Plaz.
De Lëtzebuerger Mats Wenzel klasséiert sech um Enn vum Tour op der 103. Plaz, dat mat 1 Stonn, 8 Minutten a 13 Sekonne Réckstand op de Jonas Vingegaard. Op der 5. Etapp huet de Mathieu Kockelmann missen opginn. De Mats Wenzel ass domat deen eenzege vun deenen 3 Lëtzebuerger déi um Depart waren, deen den Tour duerch Katalounien op en Enn gefuer ass.
1 Gilmore Brady NSN Cycling Team 2:06:44
2 Godon Dorian INEOS Grenadiers ,,
3 Evenepoel Remco Red Bull - BORA – Hansgrohe ,,
4 González David Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team ,,
5 L’Hote Antoine Decathlon CMA CGM Team ,,
6 Remijn Senna Alpecin-Premier Tech ,,
7 Vergallito Luca Alpecin-Premier Tech ,,
8 Gualdi Simone Lotto Intermarché ,,
9 Martinez Lenny Bahrain – Victorious ,,
10 Mulubrhan Henok XDS Astana Team ,,
39 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 1:33
1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 25:56:36
2 Martinez Lenny Bahrain – Victorious 1:22
3 Lipowitz Florian Red Bull - BORA – Hansgrohe 1:30
4 Paret-Peintre Valentin Soudal Quick-Step 1:43
5 Evenepoel Remco Red Bull - BORA – Hansgrohe 2:13
6 Gall Felix Decathlon CMA CGM Team 3:17
7 Skjelmose Mattias Lidl – Trek 4:11
8 Uijtdebroeks Cian Movistar Team 5:20
9 Riccitello Matthew Decathlon CMA CGM Team 5:25
10 Carapaz Richard EF Education – EasyPost 5:36
103 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 1:08:13