Tour duerch KatalounienJonas Vingegaard wënnt och déi 6. Etapp a baut de Virsprong am General aus

Ted Koob
Op der zweetleschter Etapp huet den Dän sech en solitaire duerchgesat. Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Lenny Martinez an de Florian Lipowitz.
© RTL (Archiv)

Um Samschdeg goung et op der sechster Etapp vum Tour duerch Katalounien iwwer 158,2 schwéier Kilometer vu Berga op Queralt. D’Biergetapp gouf um Enn vum Leader Jonas Vingegaard (Team Visma|Lease a Bike) gewonnen. Op der Arrivée hat den Dän eng Avance vun 10 Sekonnen op de Lenny Martinez (Bahrain - Victorious) op der zweeter an dem Däitsche Florian Lipowitz (Red Bull - BORA - hansgrohe) op der drëtter Plaz. De Felix Gall (Decathlon CMA CGM Team) hat op der 7. Plaz e Retard vun iwwer 2 Minutten an huet seng Plaz um Podium am General verluer. D’Lëtzebuerger Bob Jungels a Mats Wenzel haten allebéid e Retard vun iwwer 26 Minutten a koumen op der Plazen 107 an 117 un.

Am General bleift de Vingegaard op der éischter Plaz. Hien huet eng Avance vun enger Minutt an 22 Sekonnen op de Martinez an e Virsprong vun enger Minutt an 30 Sekonnen op de Lipowitz. Jungels a Wenzel leien do op de Plazen 106 an 115.

D’Klassement vun der Etapp

1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 4:05:19
2 Martinez Lenny Bahrain - Victorious +0:10
3 Lipowitz Florian Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
4 Paret-Peintre Valentin Soudal Quick-Step +0:16
5 Evenepoel Remco Red Bull - BORA - hansgrohe +0:27
6 Carapaz Richard EF Education - EasyPost +1:29
7 Gall Felix Decathlon CMA CGM Team +2:08
8 Skjelmose Mattias Lidl - Trek ,,
9 Eulálio Afonso Bahrain - Victorious +2:55
10 Riccitello Matthew Decathlon CMA CGM Team +3:16
...
107 Jungels Bob INEOS Grenadiers +26:39
117 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma ,,

De General

1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 23:49:52
2 Martinez Lenny Bahrain - Victorious +1:22
3 Lipowitz Florian Red Bull - BORA - hansgrohe +1:30
4 Paret-Peintre Valentin Soudal Quick-Step +1:43
5 Evenepoel Remco Red Bull - BORA - hansgrohe +2:17
...
106 Jungels Bob INEOS Grenadiers +1:02:51
115 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma +1:06:40

Back to Top
CIM LOGO