CyclocrossLucinda Brand dominéiert weider, Marie Schreiber verpasst Topp 10

RTL Lëtzebuerg
Bei der aachter Manche vum Cyclocross-Weltcup zu Dendermonde gouf et de selwechte Podium wéi virun zwee Deeg zu Gravère. Insgesamt fënnef Lëtzebuergerinne waren um Depart.
© DAVID PINTENS BELGA MAGBelga via AFP (Archiv)

No der 7. Manche e Freideg zu Gravère huet de Weltcup eng weider Kéier Statioun an der Belsch gemaach. Mee och zu Dendermonde war d’Lucinda Brand net ze klappen. D’Hollännerin hat op der Arrivée eng Avance vun 11 Sekonnen op hir Landsfra Puck Pieterse an esouguer 23 Sekonnen op d’Franséisin Amandine Fouquenet. Domat stoungen déi selwecht Fuererinnen um Podium wéi zu Gravère, just dass d’Pieterse an d’Fouquenet d’Plaze getosch hunn. D’Lucinda Brand konnt domat hir Victoire aus dem viregte Joer widderhuelen.

D’Marie Schreiber, déi sech beim Superprestige leschten Dënschdeg mat der 7. Plaz déi néideg Confiance besuergt, de Weltcup e Freideg awer ausgelooss hat, huet zu Dendermonde eng staark Leeschtung gewisen. Beim leschte Weltcup zu Koksijde hat si nach no enger Chute opginn. Déi 22 Joer al Lëtzebuergerin koum 2 Minutten an 18 Sekonnen no der Gewënnerin als 12. an d’Zil an huet domat d’Topp 10 esou just verpasst.

Lëtzebuerg war bei dëser Course mat fënnef Fuererinne vertrueden. D’Liv Wenzel koum als 48. (+ 4:53) un. D’Nina Berton als 58. , d’Maïté Barthels als 64. an d’Layla Barthels als 73. haten iwwer 5 Minutte Retard. Insgesamt sinn 88 Fuererinnen d’Course op en Enn gefuer.

An der Hären-Elite huet sech den Thibau Nys ganz knapp géint den Tibor Del Grosso an de Laurens Sweeck duerchgesat. Den Nys hat 2 Sekonnen Avance op den Del Grosso a 5 Sekonnen op de Sweeck. Insgesamt ware siwe Belsch an den Topp 10 ze fannen. De Loïc Bettendorf gouf an dëser Course de 35. an hat e Retard vu 4:33 op de Gewënner.

An der Kategorie vun den U23 Männer ware mam Lennox Papi an dem Rick Meylender zwee Lëtzebuerger dobäi. Bei der knapper Victoire vum Hollänner David Haverdings virun den zwee Belsch Arthur van den Boer a Yordi Corsus ass de Papi op déi 41. Plaz gefuer an hat e Retard vun 4:42. De Meylender koum op déi 44. Plaz.

Och bei de Juniore waren d’Lëtzebuerger Faarwe vertrueden. De Ben Fleming huet sech als 59. (+ 3:53) an den Dawson Fehlen Pereira als 67. (+ 4:38) ënner 73 Fuerer klasséiert. Gewonnen huet den Italieener Patrik Pezzo Rosola.

Klassement vun den Dammen

1 BRAND Lucinda 51:06
2 PIETERSE Puck 0:11
3 FOUQUENET Amandine 0:23
4 ALVARADO Ceyllin del Carmen 0:35
5 NORBERT RIBEROLLE Marion 0:47
...
12 SCHREIBER Marie 2:18
48 WENZEL Liv 4:53
58 BERTON Nina
64 BARTHELS Maïté
73 BARTHELS Layla

Klassement vun den Hären

1 NYS Thibau 1:01:29
2 DEL GROSSO Tibor 0:02
3 SWEECK Laurens 0:05
4 VERSTRYNGE Emiel 0:06
5 VANDEPUTTE Niels 0:08
...
35 BETTENDORF Loïc 4:33

Back to Top
CIM LOGO