Race Around PolandProblemer mat der Nuque stoppen de Ralph Diseviscourt

RTL Lëtzebuerg
De Ralph Diseviscourt hat zënter e Mëttwoch Probleemer mat der Nuque.

Well déi an der Nuecht op en Donneschdeg méi schlëmm gi sinn, huet hien zesumme mat senger Crew decidéiert, fir bei der Race Around Poland opzeginn.

Mat Massagen an Tapeverbänn an enger Spezial-Konstruktioun um Vëlo, déi säi Kapp wärend dem Fuere gestäipt huet, hat een zanter e Mëttwoch probéiert, d’Probleemer an de Grëff ze kréien. Well den Ultracycliste um Enn awer de Kapp quasi net méi beweege konnt, hätt een aus Sécherheetsgrënn déi schwéier Decisioun geholl, fir der Course een Enn ze setzen, sou de Luc Diseviscourt.

© Team Dizzy

Deen Ament louch den Ultracycliste op der zweeter Plaz. Vun den 3.600 Kilometer waren der deen Ament nach 1.100 bis op d’Arrivée zu Warschau ze fueren.

Ralph Diseviscourt a Polen / Interview Rich Simon

RTL-Artikel (5.7.24): Race Around Poland: De Ralph Diseviscourt start säin nächsten Challenge
RTL-Artikel (6.7.24): Race Around Poland: De Ralph Diseviscourt huet den Depart geholl
RTL-Artikel (7.7.24): Race Around Poland Et rullt beim Ralph Diseviscourt
RTL-Artikel (8.7.24): Race Around Poland: Ralph Diseviscourt mécht no 30 Stonnen éischt Schlofpaus
RTL-Artikel (9.7.24): Race Around Poland: No der 3. Nuecht läit de Ralph Diseviscourt op der 3. Plaz

Back to Top
CIM LOGO