No der 3. Nuecht läit de Ralph Diseviscourt op der 3. Plaz
Zanter e Samschdeg de Mëtteg ass de Lëtzebuerger Ultracycliste bei der Race Around Poland am Asaz. Ze fuere sinn 3.600 Kilometer an 32.000 Héichtemeter.
De Ralph Diseviscourt huet déi 3. Nuecht bei der Race Around Poland hannert sech. No praktesch der Hallschent vun der Course läit hien hannert dem Philipp Kaider an dem Rainer Steinberger op der 3. Plaz.
D'Tatra Bierger un der slowakescher Grenz huet hien en Dënschdeg um Hallefnuecht hannert sech bruecht. En Dënschdeg am Laf vum Dag geet et ënnert anerem duerch d'Karpaten.
Bis elo leeft alles no Plang. An der zweeter Hallschent vun der 3.600 Kilometer laanger Course dierften et nach Changementer am Klassement ginn. Den Dizzy seet, datt esouwuel no vir, wéi och no hannen, nach alles op wier.
Kuerz virun en Dënschdeg de Mëtteg huet de Ralph Diseviscourt no 68 Stonne Course 1.650 Kilometer hanneru sech bruecht. De Leader Philipp Kaider huet 1.732 Kilometer erof an den Zweetplacéierte Rainer Steinberger ass 1.693 Kilometer gefuer.
Hei kënnt Dir suivéieren, wou de Ralph Diseviscourt an der Course drun ass.