7.400 KilometerRalph Diseviscourt bei der NorthCape-Tarifa Bike Challenge mat dobäi

Rich Simon
De Ralph Disevsicourt stoung scho bei ville Courssen am Ultra-Cyclissem um Depart. Esou laang wéi dës war awer nach ni eng.

Ralph Diseviscourt bei NorthCape-Tarifa Bike Challenge dobäi / Reportage Rich Simon

7.400 Kilometer leien tëscht dem Nordkap an Norwegen an Tarifa a Spuenien. Dat ass dee südlechste Punkt an Europa. An dat ass déi Streck, déi de Ralph Diseviscourt bei der NorthCape-Tarifa-Challenge viru sech huet.

Hei kënnt Dir suivéiere wou de Ralph Diseviscourt drun ass.

An der Nuecht op e Samschdeg geet hien un den Depart vun dëser Course. Et ass déi längste Course, déi hien a senger Karriär bis elo viru sech huet. Zum Verglach: D'Race Across America huet ronn 4.800 Kilometer.

Knapp 100 Coureuren hu sech fir den Challenge dëst Joer ageschriwwen. Bei dëser Course waarden op den Dizzy a seng Konkurrenten eng 80.000 Héichtemeter. D'Wieder dierft sech op der laanger Streck net ëmmer vu senger beschter Säit weisen. Kal Temperaturen am Norden an Hëtztwellen am Süde vun Europa kënnen op d'Coureuren duerkommen. Déi éischt Cyclisten dierfte ronn dräi Wochen ënnerwee sinn. Dat wier eng Moyenne vu ronn 350 Kilometer den Dag.

Bei dësem Challenge ass den Ultra-Sportler ouni Support ënnerwee. Dat heescht, datt hien alles muss selwer transportéieren an hien dierf ënnert anerem och keng Hëllef bei Reparature vu bausse kréien.

Nieft dem Ralph Diseviscourt ass och ënnert anerem de Manuel Fischer mat dobäi. De gebiertegen Däitsche wunnt a schafft schonns zanter 24 Joer hei zu Lëtzebuerg.

Am RTL-Interview huet den Dizzy erzielt, wéi hie sech op dës Course preparéiert huet, wéi wichteg d'Kleeder sinn, wou hie wëlles huet ze schlofen, wéi komplizéiert et ka mam Ravitaillement ginn a wéi déi leschte Stonne virum Depart sinn.

De Ralph Diseviscourt am RTL-Interview

Back to Top
CIM LOGO