VëlossportMats Wenzel gudden Aachten a Slowenien, Jhonatan Narváez wënnt an der Schwäiz

Rich Simon
Tom Nols
Op der drëtter Etapp vum Tour duerch Slowenien fiert de Mats Wenzel op Plaz 8, am Tour de Suisse ka sech de Jhonatan Narváez um Enn duerchsetzen.
De Jhonatan Narváez freet sech iwwer seng Etappevictoire
De Jhonatan Narváez freet sech iwwer seng Etappevictoire
© HAROLD CUNNINGHAM/AFP

Op der drëtter Etapp vum Tour duerch Slowenien gouf et ee Succès am Sprint vum Australier Laurence Pithie. An der selwechter Zäit wéi de Gewënner kënnt de Mats Wenzel op déi 8. Plaz. Am General féiert och weider de Pithie. Op 26 Sekonnen ass de Wenzel och hei deen 8..

Am Tour de Suisse konnt den Jhonatan Narváez déi drëtt Etapp fir sech entscheeden. Leader am General bleift weider den Tadej Pogacar, deen och am Spëtzegrupp war an deen 12. ginn ass. Fir den Arthur Kluckers war et als 125. e Réckstand vu knapp 9 Minutten, sou datt sech säi Retard am General op méi wéi eng hallef Stonn beleeft.

Um Freideg ass och déi drëtt Etapp vum Tour duerch d'Belsch gefuer ginn. De Spuenier Alex Aranburu huet sech ronderëm Durbuy duerchgesat an ass doduerch neie Leader am General. De Lëtzebuerger Alex Kirsch huet als 58. 10 Minutten an 11 Sekonne verluer. Am General ass hien de 57. op 10 Minutten an 21 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO