Gutt 2.000 Kilometer si gepacktRalph Diseviscourt zanter iwwer 90 Stonnen um Vëlo ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Samschdeg de Mëtteg ass de Lëtzebuerger Ultracycliste bei der Race Around Poland am Asaz. Ze fuere sinn 3.600 Kilometer an 32.000 Héichtemeter.

An der Race Around Poland huet de Ralph Diseviscourt déi 4. Nuecht hannert sech. No gutt 2.000 Kilometer, vun den am Ganzen 3.600 Kilometer, läit hien elo op der 2. Plaz. De Lëtzebuerger Ultracycliste ass eng Plaz no vir komm, well de Philipp Kaider een Accident hat an net méi konnt weiderfueren.

Den Ament wou de Ralph Diseviscourt nom Accident bei de Philipp Kaider bäigefuer ass
Den Ament wou de Ralph Diseviscourt nom Accident bei de Philipp Kaider bäigefuer ass
© Team Dizzy

An der Nuecht op e Mëttwoch huet de Ralph Diseviscourt eng Stonn um Stéck geschlof. Et war réischt déi 3. méi “laang” Paus. Do dernieft huet hien zanter e Samschdeg nach 4 Mol e sougenannte “Power Napping“ gemaach, dee jeeweils tëscht 12 a 15 Minutte gedauert huet. Awer och seng direkt Konkurrente schlofen net méi wéi den Dizzy.

Dem Ultracycliste seng Been dréinen nach ëmmer gutt, just mat der Nuque huet hien e puer Problemer. D‘Crew probéiert, mat Massagen an Tapeverbänn de Problem an de Grëff ze kréien. Donieft huet een och eng Spezial-Konstruktioun op de Vëlo gebaut, an der Hoffnung, datt och dat wäert hëllefen.

© Team Dizzy

D‘Stëmmung an der Ekipp vum Ralph ass gutt. Eng Inconnue gëtt et nach, wann et d‘laanscht d‘Ostséi geet. Do kann de Wand ganz favorabel, ma awer och ganz defavorabel sinn.

Hei kënnt Dir suivéieren, wou de Ralph Diseviscourt an der Course drun ass.

RTL-Artikel (9.7.24): Race Around Poland: No der 3. Nuecht läit de Ralph Diseviscourt op der 3. Plaz
RTL-Artikel (8.7.24): Race Around Poland: Ralph Diseviscourt mécht no 30 Stonnen éischt Schlofpaus
RTL-Artikel (7.7.24): Race Around Poland Et rullt beim Ralph Diseviscourt
RTL-Artikel (6.7.24): Race Around Poland: De Ralph Diseviscourt huet den Depart geholl
RTL-Artikel (5.7.24): Race Around Poland: De Ralph Diseviscourt start säin nächsten Challenge

Back to Top
CIM LOGO