Vuelta: 9. EtappVictoire fir de Louis Meintjes, Evenepoel bleift Leader am General 

RTL Lëtzebuerg
De Südafrikaner konnt sech op enger schwéierer Biergetapp en solitaire duerchsetzen. De Bob Jungels gouf e Sonndeg den 79., den Alex Kirsch den 113.
Remco Evenepoe bleift am General a Féierung
Remco Evenepoe bleift am General a Féierung
© AFP

Op der 9. Etapp vu Villaviciosa op Les Praeres Nava iwwer schwéier 171,4 Kilometer mat ganzer 5 Bierger war de Louis Meintjes de Séiersten a konnt sech als Gewënner feiere loossen.

Eng 9 Léit hu sech fréi an der Course ofgesat an haten deels e Virsprong vun iwwer 5 Minutten op de Peloton. Am leschte Bierg vum Dag huet sech de Louis Meintjes dunn aus dem Stepps gemaach an et konnt keen dem Südafrikaner hannen dru fueren. Als zweete klasséiert sech den Italieener Samuele Battistella mat iwwer enger Minutt Retard op déi 2. Plaz. De Bob Jungels gouf den 79. op iwwer 12 Minutten an den Alex Kirsch gouf den 113. op iwwer 18 Minutten.

Am General huet de Belsch Remco Evenepoel, deen op Plaz 4 koum, seng Avance däitlech ausgebaut. Hei läit de Bob Jungels op der 78. Plaz mat knapps enger Stonn Retard. Den Alex Kirsch läit am General op der 138. Plaz op iwwer eng Stonn a 45 Minutten.

Nom Roudag e Méindeg geet et e Dënschdeg mat engem Zäitfuere weider.

D’Klassement vun der Etapp

1 MEINTJES Louis Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 4:32:39
2 BATTISTELLA Samuele Astana Qazaqstan Team 1:01
3 ZAMBANINI Edoardo Bahrain - Victorious 1:14
4 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team1:34
5 CONCA Filippo Lotto Soudal 1:58
6 AYUSO Juan UAE Team Emirates 2:08
7 GUGLIELMI Simon Team Arkéa Samsic ,,
8 MAS Enric Movistar Team 2:18
9 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 2:20
10 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 2:26

...
83 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team +12:36
111 KIRSCH Alex Trek - Segafredo +18:37

De General

1 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 34:02:32
2 MAS Enric Movistar Team 1:12
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 1:53
4 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 2:33
5 AYUSO Juan UAE Team Emirates 2:36
6 YATES Simon Team BikeExchange - Jayco 3:08
7 ALMEIDA João UAE Team Emirates 4:32
8 LÓPEZ Miguel Ángel Astana Qazaqstan Team 5:03
9 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 5:36
10 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers 5:39

...
78 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team +1:01:11
138 KIRSCH Alex Trek - Segafredo +1:46:38

Back to Top
CIM LOGO