Volleyball-ChampionnatGym wënnt déi drëtt Finall an ass Champion

RTL Lëtzebuerg
D'Gym ka sech bei den Dammen um Enn kloer mat 3:0 géint Mamer behaapten.
De Resumé vun der Finall am Volleyball-Championnat vun den Dammen
Den Gym Volley huet sech an der drëtter an decisiver Finall géint de VC Mamer behaapt an ass doduerch neie Champion

Dammen

Um Samschdeg stoung déi drëtt an domadder déi decisiv Finall am Damme-Championnat tëscht Mamer an der Gym um Programm, nodeems et no den éischten zwou Finallen 1:1 stoung.

Den éischte Saz war bis zum 20:20 equilibréiert, duerno konnt d'Gym sech beim 23:21 e klenge Virsprong erausspillen. Dat ass duergaangen, fir de Saz mat 25:22 ze gewannen.

An der zweeter Manche ass Mamer déi ganzen Zäit engem klenge Réckstand hannendru gelaf. D'Gym konnt sech um Enn dee Saz mat 25:17 sécheren. Mamer war och am 3. Saz nees séier hannen an d'Gym konnt dee mat 25:20 fir sech entscheeden.

Um Enn konnt sech d'Gym mat 3:0 behaapten an ass fir déi éischte Kéier zanter 2012 nees Champion. No der Victoire an der Coupe konnt d'Gym also den Doublé feieren.

De Championstitel bei den Häre goung u Stroossen

Back to Top
CIM LOGO