Beachvolleyball Nations Cup 2026Trotz staarke Géigner gëtt Lëtzebuerg Drëtten

Marc Burelbach
Mat dëser drëtter Plaz huet d'Ekipp wäertvoll FIVB-Punkte gesammelt.
D'Lëtzebuerger Beachvolleyball-Koppel Hilbert / Weber am Asaz a Spuenien.
D'Lëtzebuerger Beachvolleyball-Koppel Hilbert / Weber am Asaz a Spuenien.
© CEV

Beim Qualifikatiounsturnier vum CEV Beachvolleyball Nations Cup 2026 zu Madrid huet Lëtzebuerg e staarke kollektiven Optrëtt geliwwert. D'Koppel Hilbert / Weber, dräifache Lëtzebuerger Champion a frësch gebake MEVZA-Medaillenéischten hunn hir gutt Form mat enger klorer Victoire géint Serbien confirméiert . D'Newcomer-Koppel Pernossi / Wolff hunn an hirer éischter gemeinsamer Saison mat couragéierte Leeschtunge positiv iwwerrascht, notamment bei der enker 13:15-Defaite am Tie-break géint Spuenien. Géint staark Natioune wéi Spuenien, Italien a Serbien huet Lëtzebuerg schlussendlech déi 3. Plaz  erreecht. E wäertvollt Resultat mat wichtegen FIVB-Punkten an engem Beweis, datt Lëtzebuerg op dësem internationalem Niveau kompetitiv ass.

PDF: D'Schreiwes vun der FLVB

Back to Top
CIM LOGO