Volleyball-ChampionnatHäre vum VC Stroossen nees Champion, Damme vum Gym Volley erzwéngen 3. Match géint Mamer

Marc Burelbach
An der Volleyball Mixvoip League bei den Häre konnt sech de VC Stroossen direkt am zweete Match an der Serie Best-of-Three géint de VC Luerenzweiler duerchsetzen an de Championstitel verdeedegen. Bei den Damme geet et an den drëtte Match.
© Francis Manderscheid

Hären

D'Häre vum VC Stroossen si fir déi 6. Kéier hannertenee Lëtzebuerger Champion, dat no enger 3:1-Victoire och am zweete Match vun der Finall. Am éischte Saz hat d'Heemekipp de besseren Depart. Si konnte sech duerch Blockaktioune séier 3 Punkte Virsprong erausspillen. Den Titelverdeedeger Stroossen huet awer e kille Kapp behalen a sech mat enger stabiller Receptioun a gutt positionéierter Defense am Match gehalen. Virun allem an deene laange Ballwiessel waren et déi Stroossener, déi méi dacks de Punkt konnte maachen. Esou hu si beim Spillstand vun 10:10 als éischt ausgeglach a sech duerno direkt selwer zwee Punkten Ecart verdéngt.

Stroossen feiert nächsten Titel, Mamer an d'Gym spillen en drëtte Match
Stroossen huet Luerenzweiler 3:1 geklappt an d'Gym war Mamer mat 3:2 iwwerleeën.

D'Stroossener Strategie um Service war kloer. De Luerenzweiler Libero sollt ënner Drock gesat ginn. Ausser wann den aktuell beschte Scorer aus dem Championnat, de Luerenzweiler Moïse Datus an der éischter Linn war, da sollt hie beschäftegt ginn.

Dës Taktik ass bis zum 19:15 gutt opgaangen. No engem Timeout vum Luerenzweiler Coach Serge Karier krut den Datus eng Paus a gouf duerch de Pavelka ersat. Duerno gouf et hektesch um Terrain. Korrekt Arbittersdecisioune goufe kontestéiert. Bei 19:23 huet de Massimo Tarantini den éischten Timeout fir Stroossen ugefrot. Um Enn konnten déi Stroossener hiren zweete Sazball verwäerten an den éischte Saz mat 25:20 gewannen.

Den zweete Saz war ufanks méi equilibréiert. Den Datus war nees zréck um Terrain an d'Paus um Enn vum éischte Saz huet him gutt gedoen. Hie war an allen Aktioune méi präzis a konstant. Beim Stand vun 11:7 fir d'Heemekipp huet Stroossen den éischten Timeout ugefrot. Luerenzweiler war besser am Match an déi Stroossener Taktik um Service ass net méi opgaangen. Och well de Philippe Glesener, Libero beim aktuelle Coupegewënner, seng Leeschtung stabiliséiere konnt. Domat hat den Alagic méi Optioune fir de Ball ze verdeelen an déi Stroossener Block/Feldverdeedegung viru Problemer ze stellen. Stroossen huet sengersäits elo gewiesselt, Calhoun fir Gajin an Haldorsen fir Auzani. Den Ecart war awer schonn ze grouss an déi Luerenzweiler konnte mat 25:18 an de Sätz ausgläichen.

2 Punkten Ecart konnt sech Luerenzweiler am Ufank vum drëtte Saz erspillen. Stroossen huet fréi reagéiert an de routinéierte Milosevic fir den Arab agewiesselt. Dëst huet nees Rou an d' Stroossener Ekipp bruecht, si konnten den Ecart bei 7:7 ausgläichen an hunn d'Heemekipp bei 7:9 zu hirem éischten Timeout gezwongen. Dësen huet genee esou wéineg gehollef ewéi déi Wiessel, déi d'Heemekipp an der Suite gemaach huet. Stroossen konnt sech bei 17:11 e Virsprong vu 6 Punkten erausspillen. Beim Service David Zehren konnten déi Luerenzweiler nach emol bis op 4 Punkten erukommen, mee de Ryan Matilde da Luz huet mat engem Monsterblock déi Stroossener Supporter opsprange gedoen. Gutt Servicer vum Simao Novais hu fir de 25-16 fir den Titelverdeedeger gesuergt.

Domat war Luerenzweiler an der eegener Hal mam Réck zur Mauer an et duerft ee gespaant sinn, wéi eng Opstellung de Serge Karier fir de véierte Saz op den Terrain schéckt.

Et sollt keng Ännerung ginn - den Ufank vum Saz war nees eng Kéier ganz serréiert. Mam Gilles Braas um Service konnt de VC Stroossen mat 8:6 eng éischte Kéier 2 Punkte Virsprong erausspillen an domat den Drock zousätzlech erhéijen. Luerenzweiler duerft sech elo keng Feeler méi leeschten. E längere Ballwiessel konnt Luerenzweiler fir sech decidéiere wat hire Supporter Hoffnung gemaach huet. Direkt duerno konnten si duerch e Block nach e Break maachen a sinn dru bliwwen (10:12). De Momentum loung awer kloer bei de Gäscht. Mam Ryan Matilde da Luz um Service konnten si op 17:12 fortzéien. Luerenzweiler hätt misse kämpfen awer och de Wiessel vum Adri Arapi sollt näischt bréngen. Bei 24:19 hat de VC Stroossen 5 Matchbäll a konnt direkt den Éischten, duerch Block, zum 20. Championstitel verwäerten.


Dammen

Spannend war et wéi schonn am éischte Match vun der Finall och an der zweeter Partie, déi dës Kéier awer den Gym Volley mat 3:2 géint de VC Mamer wanne konnt. Domat steet fest, datt d'Decisioun an engem drëtte Match fale wäert. E Samschdeg den Owend war et an all Saz en enke Kapp u Kapp, wou d'Lokalekipp vum Gym gutt ugefaangen huet an no den éischten zwee Sätz mat 2:0 a Féierung louch. De VC Mamer huet ënnert dem Support vun den eegene Supporter awer net opginn a konnt am weidere Spillverlaf op 2:2 ausgläichen. Et ass also alles op den decisive fënnefte Saz erausgelaf, wou dann awer nees den Gym Volley mat engem 15:10 fir d'Decisioun suerge konnt.

Back to Top
CIM LOGO