3:2 géint ZypernVolleyball: Lëtzebuerger Damme wannen éischte Match bei MEVZA Championnat

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Dammennationalekipp huet beim MEVZA Championnat géint Zypern gewonnen – déi éischte Victoire vun enger Lëtzebuerger Volleyballekipp an dëser Kompetitioun.
© Tiago Baptista

D'Lëtzebuerger Dammennationalekipp huet beim MEVZA Championnat vun de Seniore mat enger historescher Victoire géint Zypern fir eng Premier gesuergt. Et war déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt eng Lëtzebuerger Nationalekipp eng Partie an dëser Kompetitioun vun der Middle European Volleyball Zonal Association gewanne konnt.

Fir déi éischte Kéier waren dëst Joer souwuel d'Lëtzebuerger Häre wéi och d'Dammennationalekipp um Start. Béid Ekippe konnten direkt an hirem éischte Match géint Éisträich déi éischt Punkte fir d'Ranglëscht sammelen, och wa sech d'Éisträicher all Kéier knapp mat 3:2 duerchgesat hunn.

De gréissten Erfolleg koum bei den Dammen am Match géint Zypern. No engem gewonnene Saz hu si d'Sätz zwee an dräi missen ofginn, hunn awer staark reagéiert. Mat engem 25:22 am véierte Saz hu si sech zeréck an de Match gekämpft, ier si den Decisiounssaz mat 15:8 kloer dominéiert hunn.

Och virdru schonn haten d'Lëtzebuergerinne sech gutt géint d'Favoritten aus Ungarn a Kroatien presentéiert, konnte sech awer net duerchsetzen.

Och d'Hären hunn eng engagéiert Leeschtung gewisen. No der 0:3-Néierlag géint de spéidere Gewënner Kroatien hu si géint Ungarn staark verbessert gespillt. Am Verglach zur klorer 0:3-Defaite aus der European League am leschte Joer hu si sech dës Kéier bis an de fënnefte Saz gekämpft, deen awer mat 11:15 verluer gaangen ass.

Am leschte Match géint Zypern war "d'Middegkeet ze spieren", wéi et vun offizielle Säit heescht, sou datt Zypern sech mat 3:0 duerchgesat huet.

Back to Top
CIM LOGO