
Bei der ISF World School Volleyball Championship 2026 zu Shangluo a China vertrëtt de Lycée Michel-Rodange mat enger Ekipp vun zéng Spillerinne Lëtzebuerg. No enger bal 24 Stonne laanger Urees war déi lëtzebuergesch Delegatioun den 30. Juni ukomm, ier den Tournoi no der Ouvertureszeremonie den 3. Juli gestart war. An der Gruppephas ass Lëtzebuerg op Kroatien, d'Belsch a China getraff.
Am éischte Match géint Kroatien haten d'Lëtzebuergerinnen eng gutt Leeschtung gewisen, hu sech awer mat 19:25 a 6:25 geschloe misse ginn. Och géint d'Belsch den Dag drop war näischt ze huelen. No engem schwaache Start (12:25) huet d'Ekipp am zweete Saz laang gefouert, ier d'Belsch sech nach mat 25:19 duerchgesat huet.
Am drëtte Match stoung e Sonndeg mat China ee vun de Favoritte vum Tournoi op der anerer Säit vum Netz. D'Partie gouf an der Haaptarena viru méi wéi 1.000 Spectateure gespillt. D'Lëtzebuergerinne sinn engagéiert an de Match gaangen a konnten an den éischte Ballwiesselen gutt mathalen. Am zweete Saz louch d'Lëtzebuerger Ekipp esouguer kuerz a Féierung, éier sech d'Qualitéit vun de Chinesinnen duerchgesat huet. Um Enn gouf et eng 2:0-Victoire (25:10, 25:12) fir China.
Trotz der drëtter Néierlag behält déi Lëtzebuerger Delegatioun virun allem d'Leeschtung géint China positiv an Erënnerung. Géint eng vun de stäerksten Ekippe vum Tournoi konnten d'Spillerinnen hir bis elo bescht Prestatioun bei dëser Schoul-WM weisen.
