Assemblée générale vun der FLVBBeachvolleyball, Fantasy League an Aachtelsfinalle vun der Coupe

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Volleyballfederatioun hat fir déi uerdentlech Generalversammlung an d'Mamer Schlass invitéiert.
© Marc Burelbach

Iwwert déi knapp zwou Stonnen ass een Thema ëmmer nees erëmkomm, d'Visibilitéit vum Volleyball erhéijen. Schonn de Mamer Buergermeeschter Luc Feller huet sech a senger Begréissungsried gewënscht, datt de Volleyball méi en héije Stellewäert an der Medielandschaft géif kréien.

Aus der Ried vun der FLVB-Presidentin Norma Zambon war et de Constat, datt een aktuell u villen internationalen an nationale Programmer vun der FIVB (Volleyball Empowerment), der EU (3 Erasmus+ Projeten), der CEV (EmpowHER), awer och dem COSL (IMPULS II) an nach anerer participéiert. Niewent dem Austausch versprécht ee sech och finanziell Hëllefen, déi dem Volleyball zu Lëtzebuerg sollen ze gutt kommen.

De Beachvolleyball erlieft zu Lëtzebuerg grad e neie Boom an d'FLVB huet mam nationale Beachvolleyball-Koordinator d'Viraussetzunge geschaaft, fir mëttelfristeg um internationale Plateau mat méi Ekippe kënne matzemëschen. Déi rezent 4. Plaz beim Beach Pro Tour Tournoi zu Genève fir d'Koppel Hilbert/Weber weist, wéi grouss d'Potenzial an dësem Beräich ass.

An der MIXVOIP-League gëtt déi nei Saison nom Réckzoch vum Escher VBC mat 7 Ekippe bei den Hären, do wäert et also keen direkten Ofsteiger ginn, an 8 Ekippen bei den Dammen, wou Fenteng d'Plaz vun Esch iwwerhëlt, eréischt de 25. Oktober lancéiert. D'Super-Coupe gëtt dëst Joer an engem neie Modus mat Halleffinall a Finall iwwer 2 Deeg de Weekend virdru gespillt.

Nodeems d'Rapporten an de Programm vun der Saison 2026/2027 ouni weider Wuertmeldungen ugeholl goufen, huet den techneschen Direkter Torsten Schood d'Strategie 2026-2032 presentéiert. En Dokument vun iwwer 100 Säite gouf ausgeschafft, fir dem Volleyball seng Presenz am Lëtzebuerger Sport ze stabiliséieren a kontinuéierlech auszebauen. E grousse Fokus gëtt hei op d'Formatioun vu Spiller, Traineren an Arbittere geluecht an och de Safe-Guarding huet seng Plaz.

D'Finanze vun der Volleyballfederatioun si stabil, variéieren awer staark jee nodeem wéi vill international Campagne gespillt ginn.

Déi nei Saison an der MIXVOIP-League bréngt eng grouss Neiegkeet mat sech. Als éischt Federatioun zu Lëtzebuerg lancéiert d'FLVB eng Fantasy League. D'Federatioun erwaart sech hei duerch eng méi enk Identifikatioun mat den eenzele Spiller, de Veräiner an domat dem Volleyball zu Lëtzebuerg. Um Enn goufen nach d'Aachtelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg ausgeloust. Hei kënnt et zu follgende Matcher, gespillt gëtt den 21. an 22. Oktober.

Bei den Dammen

VC Biissen (D1)(+4) – VC Belair (MVL)

VB Amber-Lënster (D2)(+5) – RSR Walfer (MVL)

VC St. Wooltz (D2)(+4) – CHEV Dikrech (D1)

VC Luerenzweiler (D1)(+4) – VC Fenteng (MVL)

VC Stroossen (D1)(+4) – VB Iechternach (MVL)

Volley Bartreng (MVL) – VC Mamer (MVL)

Escher VBC (D3)(+4) – V80 Péiteng (D2)

VC Stengefort (MVL) – CS GYM Volley (MVL)

Bei den Hären

RSR Walfer (D1)(+4) – VC Stroossen (MVL)

V80 Péiteng (D2)(+4) – VB Amber-Lënster (D1)

VC Belair (MVL) – Volley Bartreng (MVL)

VC St. Wooltz (D2)(+5) – VC Fenteng (MVL)

VC Stengefort (D2)(+4) – CS GYM Volley (D1)

CHEV Dikrech (MVL) – VC Luerenzweiler (MVL)

Exempts: Escher VBC (D2) - VB Iechternach (MVL)

Back to Top
CIM LOGO