Generalversammlung vum COSL2025 war e Joer mat excellente Performancë vu Lëtzebuerger Sportler

Tom Flammang
D’Spëtzesportler ze ënnerstëtzen ass eng vun den Haaptmissiounen vum Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois.
Generalversammlung vum COSL

A senger éischter ordinärer Generalversammlung als President huet de Michel Knepper déi sportlech Evenementer a Performancen ervirgehuewen a freet sech, dass d’Zuel vun de Sportler an de Kaderen an d’Luucht geet. Dëst ass virun allem op déi excellent Aarbecht vun de Federatiounen a Veräiner zeréckzeféieren. Doriwwer eraus dreift de COSL eng ganz Rei vu Projeten weider an ass och bei internationalen Iddie mat um Dësch. Fir all dës Missiounen ze erfëllen, brauch en déi néideg finanziell Moyennen, ma dës sinn limitéiert - obschonns se scho vum Georges Mischo an d’Luucht gedréckt goufen, woufir de Michel Knepper dem fréiere Sportsminister Merci sot. Trotz engem zolitten Malus d’lescht Joer, deen deels buchungsteschnech, mee zum groussen Deel duerch d’Post-Covid-Explosioun vun de Käschten entstanen ass, ouni dass d’Recetten an deem Mooss geklomme sinn, gëtt sech fir 2026 e klenge Boni erwaart. Finanziell ass ee vum Sportsministère, dësem zolitte Partner, ofhängeg.

Ofgeschloss huet de Michel Knepper mat engem Merci un d’Benevollen, un d’Sportsministesch Martine Hansen, de professionelle Staff vum Cosl an un d’Press.

D’Sportsministesch Martine Hansen, déi eréischt virun 3 Méint de Sportsministère vum Georges Mischo iwwerholl huet, gesäit am Cosl e wichtegen an essentielle Partner. Ënnerstrach gëtt dëst duerch zwou formell Reuniounen tëschent Sportsministère a Cosl, déi an dëser kuerzer Zéit scho waren, an déi permanent Echangen tëschent hinnen. Fir am Sport virun ze kommen brauch ee kompetent Leit, vill Benevollen, deenen d’Ministesch Merci gesot huet an déi entlaascht musse ginn. Als éischt brauch een awer déi néideg Suen, fir dëst alles beschtméiglech ëmzesetzen.

All Rapporten a Statuttenännerungen goufe vun dëser Generalversammlung guttgeheescht.

Back to Top
CIM LOGO