D’Coupe du Printemps ass an zwee Deeler opgedeelt. Den Inter-club - eng international Kompetitioun, déi awer net ënnert d’Reglementer an d’Punkten vun der Union internationale de Patinage fält - an op der anerer Säit dann d’Kategorien vun der ISU, bei deenen et och drëms geet, Punkten fir internationaalt Klassement ze sammelen.
De Sebastien Berg ass den eenzegen Lëtzebuerger, deen an enger ISU-Männer-Kategorie fir de Grand-Duché matgemaach huet. De Stress war beim 11 Joer jonke Sportler deementspriechend grouss, ier et op d’Äis gaangen ass.
Am ISU-Klassement vun de “Basic Novice Men” gouf de Sebastien mat engem Resultat vun 30.39 den Zweeten. Dëst Resultat huet awer och fir dat lëtzebuergescht Championnat gezielt.
Fir kënnen eng ISU-Kompetitioun ze maachen, musse verschidden Konditiounen erfëllt ginn, och wat de Panel fir d’Bewäertung ugeet. Dat ganzt ass an zwee Deeler opgedeelt: den techneschen Deel an d’Jugen. Fir dat éischt muss den Organisateur sech drëms këmmeren, déi Léit erbäi ze kréien. Bei de Jugen ass dat awer anescht.
Fir een Duerchgang uerdentlech ze bewäerten, kënnen d’Jugen op Videomaterial zeréckgräifen, fir Elementer nach eng Kéier oder a Slow Motion ze kucken, mee am Prinzip gëtt awer live op d’Äis gekuckt, fir d’Leef ze bewäerten. Esou och beim Hedda Hermine Bjunes Johansson. Déi jonk Äiskonschtleeferin war eng vu 7 Lëtzebuergerinnen, déi an der Kategorie “Basic Novice Women” deelgeholl huet. Am ganze ware si zu 21 Leeferinnen. Um Enn ass eng 15. Plaz um ISU-Niveau erausgesprongen - ee Resultat, dat déi 13 Joer jonk Sportlerin awer freet.
D’Coupe du Printemps wier och een Evenement, dat de lëtzebuergesche Sportler an Sportlerinnen hëlleft, sech mat der internationaler Konkurrenz ze moossen an och ze léieren, mam Stress vu groussen Kompetitiounen eens ze ginn.