Bouschéissen: National Indoor-Championnater zu StroossenDuechter Lea Tonus wënnt Finall géint eege Mamm Stefania Merlin

Bern Thill
Am Compound-Bouschéissen ass et op den nationalen Indoorchampionnater zu Stroossen zu enger méi ongewéinlecher Finall komm.
Duechter Lea Tonus wënnt Finall géint eege Mamm Stefania Merlin
Am Compound-Bouschéissen ass et op den nationalen Indoor-Championnater zu Stroossen zu enger méi ongewéinlecher Finall komm.

Wann d’Mamm an d’Duechter géinteneen an der Finall vun enger Landesmeeschterschaft stinn, dann ass dat éischter eng aussergewéinlech Situatioun. Dat war de Fall am Compound Bouschéissen. D’Mamm war och motivéiert, fir der Duechter de Bass ze halen. Effektiv gewënnt d’Lea Tonus um Enn den Titel an d’Kenza Pop, dat anert Nowuesstalent, gëtt Drëtt.

Normalerweis ka keen dem Mariya Klein Sholkna d’Waasser reechen, mee déi gebierteg Ukrainerin huet decidéiert e Schlussstréch ënnert déi erfollegräich Karriär ze zéien. Zesumme mam Gilles Seywert huet si am Dubbel Mixte zu deene beschte weltwäit gehéiert. De Gilles huet schonn zwou méiglech nei Partnerinnen am Hannerkapp. De Gilles Seywert huet säin Abonnement op national Titele weider gefouert. Tëschenduerch huet hien dem Jeff Henckel nach Rotschléi am Compound ginn.

Dräi Participatiounen op Olympesche Spiller an 32 Joer Bouschéissen, d’Zäit fir e Wiessel ass komm. Déi 4. Plaz weist, dass de Kompetitiounsgeescht net verluer gaangen ass. Elo geet et eraus aus der Hal an d’Natur, Mol kucke wat d’Summersaison brénge wäert, de Compound steet op den nächsten Olympesche Spiller fir d’éischte Kéier um Programm.

Back to Top
CIM LOGO