Jugendlecher déi um Challenge Tageblatt deelhuelen, hunn zesumme mat Benevoller e grousse Calicot transportéiert, deen am Kader vum Europadag, op der Wiiss vum Stadion vum INS ausgebreet gouf. Wäerter vun der Europäescher Communautéit, wéi Inclusioun, Fairness, Respekt a Solidaritéit fënnt een och am Sport, an dësem Fall an der Liichtathletik.
Um Challenge Tageblatt wäert och deen een oder aneren vun de jonke Sportler dervun dreemen, spéider mol kënnen no de Stären ze gräifen. Dass dat méiglech ass, a Form vun europäesche Medailen, dat huet d'Patrizia Van der Weken bewisen.
Genau wéi déi meescht vun eisen Top-Athleten an Athletinnen, ass och d’Patrizia mam Challenge Tageblatt grouss ginn. Do geet et drëm, fir wärend aacht Meetingen, verdeelt iwwer d'Saison an allen Disziplinne vun der Liichtathletik, also Werfen, Sprangen a Lafen, ze schnupperen.
Den Rendezvous adresséiert sech un d'Kategorien U12 an U14. Zum Schluss vun de Meetingen gëtt dann de Gesamtgewënner, deen de gréissten Total u Punkte gesammelt huet, definéiert. De Projet gouf elo och fir d'U16 an enger änlecher Form ausgedeent
De Projet Challenge Tageblatt existéiert zanter 45 Joer an de Fändel vun der Europäescher Unioun mat den 12 gëllene Stären, deen ënner anerem d'Eenheet symboliséiert, gouf virun 71 Joer kreéiert. Béid hu sech elo um INS begéint.