1995 an 1999Joe Montana a Wayne Gretzky trieden op engem 18. Abrëll zréck

Tom Nols
Zwee vun de ganz Groussen aus dem US-amerikanesche Sport si jeeweils op engem 18. Abrëll zréckgetrueden. Den "Joe Cool" an "The Great One" waren an der NFL an an der NHL absolut Staren.
Den Joe Montana (lénks) an de Wayne Gretzky bei der Annonce vun hire jeeweilege Récktrëtter
Den Joe Montana (lénks) an de Wayne Gretzky bei der Annonce vun hire jeeweilege Récktrëtter
© MONICA DAVEY / AFP a MATT CAMPBELL / AFP

An hire jeeweilege Sportaarten hu si zu den Allerbeschte gehéiert. Den Zoufall wollt et, datt den American-Football-Quarterback Joe Montana an den Äishockeystar Wayne Gretzky um selwechten Dag zréckgetruede si vum aktive Sport.

Den “Joe Cool” hat de gëllenen Arem

Nodeems hie mat Notre Dame den Titel am College Football gewonnen hat, koum den Joe Montana 1979 bei de San Francisco 49ers an d’Profiliga vum American Football NFL. Véiermol konnt de geniale Quarterback duerno seng Niners zum Gewënn vum Super Bowl féieren. Den “Joe Cool” war den éischte Spiller, deen dräimol zum Super-Bowl-MVP ausgezeechent gouf. Bis haut stinn eng Rei vu senge Rekorder, dorënner dee vun de meeschte Passen hannerteneen ouni Interception (122) a Super-Bowl-Partien. No enger Blessur 1991 war den Joe Montana net méi richteg op d’Bee komm a fir en Neiufank op Kansas City geschéckt ginn. Mat den Chiefs sollt hien et 1993 nach emol an d’Halleffinalle packen an och d’Joer duerno konnt de Montana seng Ekipp nach an d’Playoffs féieren.

Den 18. Abrëll 1995 hat den 38 Joer ale Joe Montana zu San Francisco säi Récktrëtt annoncéiert. D’Zeremonie, un där Gréisste wéi den John Madden, Teamkolleegen a säi fréieren Trainer Bill Walsh deelgeholl haten, war live op der Tëlee iwwerdroe ginn. Bis haut gëllt de Montana als ee vun de beschte Spiller vun allen Zäiten am American Football an ass nach ëmmer gären als Gaascht gesi bei groussen Eventer. Privat ziicht hie Päerd a produzéiert säin eegene Wäin an der Géigend vu San Francisco.

“The Great One” hält bis haut sëllegen NHL-Rekorder

Obwuel 5 Joer méi jonk wéi de Montana, huet och de Wayne Gretzky Enn de 1970er Joren de Wee an den US-amerikanesche Profisport fonnt. An 20 Saisonen an der NHL sollt de Kanadier fir 4 verschidden Ekippen oplafen a sëllege Rekorder opstellen. Seng 1.963 Assisten an 2.857 Punkte si bis haut onerreecht, ronn 50 weider vu sengen NHL-Rekorder sinn och nach net gebrach ginn. Véiermol huet “The Great One” d’NHL-Finall ëm de Stanley Cup gewonnen, aachtmol war hien den MVP vum Joer. Réischt 2025 hat den Alexander Ovechkin säin 895. Gol geschoss an domat dem Gretzky säin 31 Joer ale Rekord gebrach.

No erfollegräiche Jore bei den Edmonton Oilers, den LA Kings an de Saint Louis Blues waren d’New York Rangers dem Wayne Gretzky seng lescht Statioun am Profisport. Iwwert e Récktrëtt no der Saison 98-99 war scho länger spekuléiert ginn. Säi leschte Match, den 18. Abrëll 1999 am New Yorker Madison Square Garden, goung no Verlängerung mat 1-2 géint d’Pittsburgh Penguins verluer. Virun der Partie hat de Rockstar Bryan Adams eng adaptéiert Versioun vun der kanadescher Nationalhymn gesongen.

Back to Top
CIM LOGO