No knapp 5 StonnenOut fir den Novak Djokovic am drëtten Tour vun de French Open

Tom Nols
De serbeschen Tennisstar ass no knapp 5 Stonne vum brasilianeschen Teenager Joao Fonseca a 5 Säz eliminéiert ginn.
Déi 2 Spiller no hirem exzeptionelle Match
Déi 2 Spiller no hirem exzeptionelle Match
© DIMITAR DILKOFF/AFP

De Novak Djokovic muss weider op säi 25. Grand-Slam-Titel waarden. Bei de French Open huet de Serb, no 4 Stonnen an 53 Minutten, géint de Joao Fonseca verluer.

De jonke Brasilianer hat schonn 2 Säz zréckgeleeën, konnt duerno awer déi nächst 3 Sette fir sech entscheeden. D'Partie ass mat 4:6, 4:6, 6:3, 7:5 a 7:5 ausgaangen.

De Fonseca steet domat fir déi éischte Kéier bei engem Grand-Slam-Tournoi an der Ronn vun de leschte 16 a wäert als nächst entweder op de Casper Ruud oder den Tommy Paul treffen.

Back to Top
CIM LOGO